Search

You may also like

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi
Kultur Neiegkeeten

Kontrollen um Weekend – Vun den Dräi Eechelen bis bei de Stauséi

Och um Weekend waren eis Dammen an Häre vun der

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Eigentlech hat sech den US-President drop gefreet, matten am US-Wahlkampf

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch
Kultur Neiegkeeten

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Bei de Verhandlungen tëscht de jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen,

Aschreiwung fir Lëtzebuergesch Coursen zënter dëser Woch nees méiglech

Aschreiwung fir Lëtzebuergesch Coursen zënter dëser Woch nees méiglech

Säit e Méindeg kann ee sech op der Säit vun der Stad Lëtzebuerg fir Lëtzebuergesch Coursen umellen, esou d’Sprooch an d’Kultur kenneléieren. Sollt d’Umeldung iwwert Internet net méiglech sinn, kann ee sech och direkt am Büro vum Service Intégration et Besoins Spécifiques umellen.

D’Course fänken de 15. September 2020 un a ginn – Pandemie bedingt – esou organiséiert, datt 50 % vum Unterrecht am Grupp a 50 % op Distanz absolvéiert ginn. D’Programmer lafen iwwert 4 Joren a sinn op 4 Niveauen opgedeelt (Ufänger, Intermediaire, Avancé a Conversatioun).

An dësem Kader kann ee wielen, ob een jäerlech, hallefjäerlech oder intensiv Coursen, respektiv Unterrecht fir Germanophone wielt. Souwuel zu Bouneweg, wéi och um Cents an op der Gare kritt een d’Méiglechkeet un de Coursen deelzehuelen. Verbonne ginn d’Sproochecourse mat periscolairen Aktivitéiten, déi engem d’Lëtzebuerger Kultur méi no brénge sollen.

D’Offer fundéiert op de Prinzipien vum CECRL (Cadre Européen Commun de Référence pour les Langues), dee vum Europäesche Rot opgestallt ginn ass. Zougelooss vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend huet all Participant, deen op mannst 70 % vun de Stonne present war, d’Recht op en Zertifikat mat Qualitéitslabel.

Duerch Pandemie ass Zuel u Schüler limitéiert. Weider Informatiounen beim Service Intégration et Besoins Spécifiques (Tel. 4796-4142 oder 4796-4148, Email letzebuergeschcoursen@vdl.l)u an op www.vdl.lu

Related topics Aschreiwung, Kultur, Lëtzebuerger Sprooch, Service Intégration et Besoins Spécifiques, Stad Lëtzebuerg, Umeldung, VDL
Next post Previous post