Search

You may also like

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert
Kultur Neiegkeeten

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert

No der Interventioun vum OGBL huet d’Regierung sech um 15.

Kontroll vun de geféierleche Gidder am Stroossentransport
Kultur Neiegkeeten

Kontroll vun de geféierleche Gidder am Stroossentransport

Am Kontext vun enger europäescher Kollaboratioun ënnert der Leedung vum

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp
Kultur Neiegkeeten

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp

De Christian Mosar gëtt seng Tâche als kënschtlerechen Direkter vun

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Ascoltami.Ricordami – Dësen Donneschdeg am Kinosch!

Beim Documentaire Ascoltami-Ricordami vum Giuliano Bugani geet et ëm een Abléck an d’Geschicht vun Italien zur Zäit vum Zweete Weltkrich, wou d’Land ënnert dem Drock vun den Nazien a Faschiste stoung.

Biller a Wierder fëllen den Ecran – Keen Numm, keng Plaz, déi ee kennt. Déi italienesch Partisanen an d’Affer vun der Grausamkeet vun den Nazien an de Faschiste summéieren sech op e puer Dausend tëscht 1943 an 1945 an Italien. Bei dësen Zeenen, déi mat Fotoen a klengen Extraiten, sou wéi Citatioune vu Bréiwer vun zum Dout Veruerteelten ass et just d’Muse, déi een klangleche Kommentar liwwert an de Kampf fir Fräiheet a Fridden opstriewe léist.

Et sinn d’Affer vun der Resistence déi hei schwätzen, zesumme mat den Doudegen, déi keng Stëmm méi hunn. Esou heiert, gesäit a spiert de Spectateur déi grujeleg Zäite vun den Affer, déi hoffentlech niméi rerëm komme wäerten. A genau dofir ass och de 25. Abrëll fir d’Seance gewielt ginn – den Dag vun der Befreiung vum Nazi-Empire an den italienesche Faschisten.

De Film gëtt um kommenden Donneschdeg um 20:00 Auer am Kinosch (116, rue de Luxembourg 4221 Esch-Uelzecht) gewisen. No der Projektioun follegt eng Diskussiounsronn mam Realisateur selwer.

Related topics Ascoltami.Ricordami, Documentaire, Giuliano Bugani, Kinosch
Next post Previous post