Search

You may also like

Aner Länner aner Sitten
International Money Neiegkeeten

Aner Länner aner Sitten

Mir si matten dran an der Vakanz, wat eis erlaabt

Klimaschutz dierf net zu sozialer Ongerechtegkeet féieren
International Money Neiegkeeten

Klimaschutz dierf net zu sozialer Ongerechtegkeet féieren

De Coronavirus huet d‘Wirtschaft weltwäit abrieche gelooss. An zuelräiche Länner

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!
International Money Neiegkeeten

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!

Fräi nom Motto „Direkt handelen!“ fuerderen déi jonk Piraten d’Regierung

money

ASEAN-Staaten setzen en Zeechen

E Sonndeg gouf dat gréisst Fräihandelsofkommes zanter Mënschegedenken ënnerzeechent

ASEAN-Staaten setzen en Zeechen

No aacht laange Verhandlungsjoer hu 14 Natiounen aus dem asiatesche Raum a China sech fir dat gréisste Fräihandelsofkommes weltwäit ausgeschwat. Rieds ass vum „Regional Comprehensive Economic Partnership“ (RCEP), deen ee Sonndeg zu Hanoi, als kréinenden Ofschloss vum virtuelle Sommet vun der Staategemeinschaft ASEAN, ënnerschriwwe ginn ass.

Et ass ee Pakt dee gutt en Drëttel vun der Weltwirtschaftsleeschtung ëmfaasst a ronn 2,2 Milliarde Mënschen direkt betrëfft. Mat dësem Ofkommes ginn d‘Douanestaxe reduzéiert, leet gemeinsam Verhalensreegele fest a soll Liwwerkette facilitéieren. Am Text goufe berécksiichtegt: den Handel, d‘Déngschtleeschtungen, d‘Investitiounen, den Onlinehandel, d‘Kommunikatioun an de Copyright.

Interessant awer och, datt sech China – ëmmerhin déi zweetgréisste Vollekswirtschaft – nieft den ASEAN Staaten – dat sinn: Brunei, Indonesien, Kambodscha, Laos, Malaysia, Myanmar (Burma), Philippinnen, Singapur, Thailand a Vietnam – och mat Australien, Japan, Neiséiland a Südkorea op dëst Fräihandelsofkommes konnt verstännegen. Woubäi et natierlech och en Erfolleg ass…

Bezunn op den „Handelskrich“ tëscht Peking a Washington, ass dëst Fräihandelsofkommes fir China ee risege Gewënn. Mat dësem Accord wäert de Prozess vun der wirtschaftlecher Integratioun an der Regioun „Asien-Pazifik“ weidergefouert ginn, wouduerch protektionistesch Hürde kënnen iwwerwonne ginn. Dat mécht bei 29% vum globalen Handelsvolumme jo wuel och Sënn.

Geopolitesch Verwerfungen

Bei aller méiglecher Freed, et muss drop higewise ginn, datt den RCEP déi wirtschaftlech wéi déi strategesch Landkaart an der Regioun nei definéiert. D‘Bedeitung vun esou engem Pakt ass enorm, och wann et en Ament wäert brauchen, bis dat bei jidderengem an Europa an Nordamerika ukomm ass. D‘Inder, déi sech 2019 op dränge vu Washington erausgezunn hunn, dierfte d‘Looser sinn…

An apropos „Washington“. Obwuel d‘ASEAN-Gespréicher am virtuelle Raum gefouert goufen, huet och dës Kéier (et ass scho fir d‘Drëtt) net um Sommet deelgeholl. Sécherlech ee Feeler, grad bezunn op dem Donald Trump seng grouss Qualitéiten als Geschäftsmann an Diplomat vu Weltformat. Domadder verléieren d‘USA elo nach wesentlech un Afloss am asiatesche Raum.

ASEAN

Mam RCEP gëtt dann och nieft dem „Comprehensive and Progressive Agreement for Trans-Pacific Partnership“ (CPTPP) eng weider Fräihandelszon an der Regioun geschafen. De CPTPP ass „dee klenge Pakt“, bezunn op de Fait, datt dësen nëmmen 13% vun der Weltwirtschaftsleeschtung deckt.

Et ass dat wat vun der transpazifescher Partnerschaft (TPP) iwwreg bliwwen ass, nodeems den US-President 2017 d‘Decisioun geholl hat, sech aus dësem Ofkommes zeréckzezéien. Ënnert dem Schierm vum CPTPP hu sech versammelt: Australien, Brunei, Chile, Japan, Kanada, Malaysia, Mexiko, Neiséiland, Peru, Singapur a Vietnam. Siwe Länner ënnert hinnen hunn et scho ratifizéiert.

Wat ee soss nach wësse muss

Wann dëst Fräihandelsofkommes natierlech wäert op d‘Weltwirtschaft Afloss huelen, an dovunner auszegoen ass, dat Bréissel – aus berechtegtem Interessi – dësen Accord wäert begréissen, esou heescht et net, datt domadder och all d‘Streitegkeeten tëscht den eenzele Partner bäigeluecht sinn.

Esou gëtt et aktuell tëscht Australien a China politesch Spannungen, déi – och dat muss gesot sinn – engersäits vum australesche Premierminister Scott Morrison aus Frëndschaft zu den USA, an anersäits vun der chinesescher Regierung, duerch d‘Ëmsetzung vum „Sécherheetsgesetz fir Hong Kong“ ausgeléist goufen. Peking huet esou den Import vun australesche Gidder begrenzt…

ASEAN

Mee och d‘Japaner, hunn esou hir Erfarunge mat „Räich vun der Mëtt“ gemaach. Si hunn sech wuel staark fir dëst Fräihandelsofkommes agesat, wëllen elo awer trotzdeem nach eng Kéier hir Liwwerkette bannent China iwwerpréiwen. Dat mécht verständlech, firwat net gewosst ass, wéini d‘Ofkommes vollstänneg kann a Kraaft trieden. China feilt zur Stonn och nach un „Detailer“.

Wat et ze bedauere gëtt: den Ëmweltschutz an d‘Rechter vun den Aarbechter ginn an dësem Accord mat kenger Silb ernimmt. Dat steet eppes a Widdersproch, mat der Erklärung vu ville Länner, hei och China, sech un d‘Oplage vum Paräisser Klimaofkommes halen ze wëllen. A wien sech elo net u Mënscherechter hält, vun deem sollt een net erwaarden eppes wéi en Aarbechtsrecht ze wëllen.

mat indymedia/syd/han

Related topics ASEAN, China, Fräihandelsofkommes, Hanoi, RCEP, Regional Comprehensive Economic Partnership
Next post Previous post