Search

You may also like

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!

Den 1. Juni steet ganz am Zeeche vun de Kanner.

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“
Neiegkeeten

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
Neiegkeeten

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?

Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?
Nëmmen di mannsten hunn dovunner héieren, mee mëttlerweil zitt se ëmmer gréisser Kreesser: D’Blue Whale Challenge fuerdert Muttprouwen vum Opfer, déi bis an de Selbstmord féiere kënnen. De Schued u sech selwer, de sougenannten „Self Harm“ steet dobäi am Fokus vun dese Mutprouwen. Laut Knowyourmeme zidd sech den Challenge iwwert 50 Deeg, woubäi en selwer ernannten Tuteur d’Aufgabe stellt.
Zwar gëtt dëse Challenge mat verschiddene Selbstmorden a Verbindung bruecht, mee et ginn keng haart Preuven dofir. Tatsächlech vermudden vill Benotzer op Reddit, datt et sech em en Hoax oder Fake handele kéint.
Trotzdem sinn d‘Risiken anscheinend grouss genuch, fir datt de franséischen Gesondheetsministère eng Warnung eraus ginn huet. Zu Lëtzebuerg huet elo de Gilles Baum, Deputéierten fir d‘DP, eng Parlamentaresch Ufro zu dësem Sujet agereecht. Dobäi freet en net nëmmen, op d‘Regierung an dëser Hisiicht iergendwellech Informatiounen hätt, mee och, op eng Preventiounscampagne virgesinn ass.
Related topics International, Internet, Lëtzebuerg, Parlamentaresch Ufro, Suizid
Next post Previous post