Search

You may also like

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:
International Neiegkeeten

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

Fir den haarde Kampf géint d‘Kriminalitéit unzegoen, huet den neie

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op
International Neiegkeeten

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op

Dem Sultan Recep Tayyip Erdogan seng militäresch Invasioun am syreschen

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel
International Neiegkeeten

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Déi nei polnesch juristesch Autoritéiten, déi hir Existenz nëmmen enger

Ass en EU-Mindestloun denkbar?

Ass en EU-Mindestloun denkbar?

Fir déi éischte Kéier zanter der sanitärer Kris, hunn sech d‘EU Minister, wou sech ëm Aarbecht a Soziales këmmeren, um Kierchbierg am Kontext vun enger EPSCO-Sëtzung getraff.

Bei dëser Sëtzung, déi eigentlech ee Suivi vum soziale Sommet vu Porto ass, gouf den Akzent op déi nächst Etappe vum „Europäesche Sockel vun de Sozialrechter“ geluecht. An dësem Kontext ass sech och iwwert d‘Propos vun enger EU-Direktiv, betreffend d‘Aféierung vun adequate Mindestléin bannent der EU, berode ginn.

An dësem Kontext huet sech den Aarbechtsminister Dan Kersch fir en héije Mindestloun agesat an huet nach emol betount, datt dëst eng Opportunitéit ass, fir d‘Unioun méi egalitär ze maachen an d‘Konditioun vun de Mënsche mam niddregsten Akommes, allgemeng ze verbesseren. All Mënsch misst wierdeg vu sengem Loun liewe kënnen, esou de sozialisteschen Aarbechtsminister.

Den Dan Kersch huet nach revendiquéiert, datt d‘Produktivitéit kee Kritär dierft sinn, deen an den Texter zeréckbehale gëtt, fir den Niveau vun de Mindestléin ze bestëmmen. Et gouf zudeem nach emol op d‘Importenz vun der kollektiver Verhandlung am Kontext vun de Mechanismen, mat deenen d‘Salaire festgeluecht higewisen, wei et wichteg ass de sozialen Dialog ze fërderen.

Covid19, Télétravail a Rechter

Lëtzebuerg opposéiert sech formell der Kreatioun vun engem Statut vu „Falschen Independanten“, a verlaangt eng adequat sozial Ofsécherung fir all Salarié. Ob Lëtzebuerg an dësem Kontext mam gudde Beispill virgeet? Wat den Dialog mat de Sozialpartner betrëfft, esou si mir zu Lëtzebuerg zimmlech verwinnt, och wann et am Pandemesche Kontext ee puer Rektifikatioune ginn huet.

Bei dëser Sëtzung hu sech d‘ Ministeren och de Conclusiounen zum sozioekonomeschen Impakt vum Covid19, den Notze vum Télétravail, wéi de Geschlechterfroen an der Strategie zugonschte vun de Rechter vun de Mënsche mat spezifesche Besoinen ugeholl. De Rot huet dann nach eng Recommandatioun ugeholl, déi eng europäesch Garantie fir d‘Kandheet soll duerstellen.

Am Kontext vum EPSCO-Meeting, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch sech och eng Rei bilateral Entrevue vergënnt. Dat mat senge belschen a portugiseschen Homologen. An de Gespréicher mam Pierre-Yves Demargne an dem Ana Mendes Godinho, ass et dann och ganz Konkret ëm de Kader fir en europäesche Mindestloun gaangen.

Foto: De Lëtzebuerger Aarbechtsminister Dan Kersch, hei am Bild mam Parteifrënd Nicolas Schmit, Kommissär fir Aarbecht a sozial Rechter: © European Union

Related topics Aarbecht, Dan Kersch, EPSCO, Mindestloun, Nicolas Schmit, Soziales, Sozialisten
Next post Previous post