Search

You may also like

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?
Neiegkeeten

Coronakris a Blutt spenden: Wéi ass d’Lag?

Blutt spenden ka Liewe retten! Leider hunn ech wärend menge

dislike
Editorial: Quo Vadis Polen ?
Neiegkeeten

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!
Neiegkeeten

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!

D’Partei déi Konservativ deelt, mat dësem Schreiwes mat, datt si

Ass „Stealthing“ strofbar?

Ass „Stealthing“ strofbar?

Mëtt Mee wollt déi Deputéiert Carole Hartmann (DP), vun de Ministere fir bannenzeg Sécherheet a Justiz (parlamentarescher Fro 4279) wëssen, wéi een hei Gedenkt mam Problem vum „Stealthing“ ëmzegoen.

Ënner „Stealthing“ gëtt den Akt bezeechent, mat deem de Sexualpartner wärend dem Verkéier säi Kondom onbemierkt awer ganz bewosst ofsträift. Nieft dem Fait datt de Gest et eng Humiliatioun vum Affer ass, kann esou ee Fait ganz aner Konsequenzen no sech zéien. D‘Carole Hartmann weist nach drop hin, datt aus dem Artikel 375 vum Strofgesetz, net ervirgeet, datt dëst hei strofbar wier.

Eis Däitsch Noperen (2016) an d‘Dänen (2020) hätte schonn am Sënn vun den Affer legiferéiert, an aner Länner schéngen dat elo och wëlles ze hunn. Dat, an sech op den aktuelle gesellschaftleche Kontext baséierend, wollt d‘Deputéiert engersäits wëssen, op de Phenomen am Land bekannt ass, a falls deem esou wier, op et dozou Statistiken huet, anersäits op eng Gesetzesännerung virgesinn ass.

A wann ee schonn den Thema an Ugrëff geholl gëtt, sollten d‘Minister och Informatiounen zu der Unzuel vu Vergewaltegungen a versichte Vergewaltegunge, wéi zur Unzuel vun de Condamnatioune wéinst Vergewaltegung, fir déi lescht 5 Joer ginn. Aus der gemeinsamer Äntwert vun de Minister geet ervir, datt de „Stealthing“ penal géif berécksiichtegt ginn, och wann dat net esou expressis verbis am Text steet. Hei géif sech op Jurisprudenzen aus de Joren 2008 an 2020 bezu ginn.

Wat d‘Unzuel vun de Vergewaltegunge betrëfft, esou sinn d‘Zuelen iwwer déi lescht Joren éischter Stabil bliwwen. Bei der Police goufe 486 Plainten deponéiert, bei de juristeschen Autoritéite 683. iwwert de genannten Zäitraum sinn 140 Persoune veruerteelt ginn. Dat et och eng Donkelziffer huet gouf an der Äntwert net zeréckbehalen.

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Carole Hartmann, DP, parlamentarescher Fro 4279, Stealthing, Vergewaltegung
Next post Previous post