Search

You may also like

SEW/OGBL: De Kampf gëtt weidergefouert
Neiegkeeten Stories

SEW/OGBL: De Kampf gëtt weidergefouert

Nom mediatiséierten Dialog tëscht Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL an Educatiounsminister, ass dësen

Keng Wafferou fir Berg-Karabach
Neiegkeeten Stories

Keng Wafferou fir Berg-Karabach

Um Samschdeg soll et entspriechend sech iwwerschneidende Berichter vu béide

Kollektivvertrag – No 2,5 Joer endlech een Accord am Bausecteur
Neiegkeeten Stories

Kollektivvertrag – No 2,5 Joer endlech een Accord am Bausecteur

Um 22. Oktober 2018 huet den LCGB sech mam federale

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Ispace wëll dat am Kader vun der Initiativ „Spaceressources“ bis 2021 fonnt hunn

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e klengen Dämpfer huet misse verquëssen, nodeems déi amerikanesch Entreprise „Planetary Ressources“ an de Gënz gaangen ass, huet neie Wand an de Seegelen. Déi japanesch Ispace, wëll als éischt Waasser um Mound fannen.

A fir dem Land (an der Welt) ze beweise wéi eescht et hinnen ass, huet déi japanesch Entreprise, déi hire Sëtz am „InCub“ (den Inkubator vu Paul Würth) huet, gëschter eng kleng Demonstratioun vun hirem Mound-Gefier gemaach. Dofir gouf eng grouss Sandkëscht vu gutt 100 Qm² opgeriicht, déi geduecht war, d‘Uewerfläch vum Mound erëmzeginn. Hei huet den Ispace-Rover eng Ronn gedréit.

Ispace ass keng „onbekannte Gréisst“ am Beräich vun der Mounderfuerschung. Scho Google huet déi kleng japanesch Entreprise – déi ëmmerhin elo zwee Joer zu Lëtzebuerg aktiv ass – entdeckt. De Programm „Google Lunar X Prize“ beschäftegt 16 Leit, an kéint dem Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP) zu beschter Laun verhëllefen, nodeems him zolidd Kritik entgéint bruecht gouf.

Wann et einfach wier, hätt een et scho gemaach

Elo Waasser um Mound ze fannen, ass eng Saach, drun ze kommen an dës Ressource dann ze exploitéieren, datt ass eng aner. Ispace huet – nodeems si am Dezember 2017 ronn 80 Milliounen Euro zesummendroe konnten – awer gutt Aussiichten dëse Challenge zouversiichtlech an d‘A ze faassen, well si sech op eng Zesummenaarbecht mat SpaceX fir zwee Lancementer verloossen dierf.

Méi „no um Buedem“ huet Ispace och Kooperatiounen, déi dësem Projet ganz realistesch Chancen araumen. Esou schaffen d‘Japaner hei zu Lëtzebuerg enk mam LIST an dem nationale Fuerschungs-Fong (FNR) zesummen. Heibäi geet et an éischter Linn ëm d‘Entwécklung vum Masse-Spektogramm fir d‘Waasser ze fannen, an ëm de Navigatiounssystem fir de Rover ze steieren.

Wann elo déi kleng Virféierung vu gëschter éischter „kommunikativen Zwecker“ gedéngt huet, esou erlaabt si awer en Abléck an d‘Ambitioune vun der klenger japanescher Entreprise. Hiert erkläerten Zil: déi éischt Privatfirma ze sinn, déi um Mound lant. Do ware bis viru kuerzem just d‘Amerikaner ënnerwee, bis d‘Chinesen déi däischter Säit vum Mound fir sech entdeckt hunn.

Den Dreifstoff deen d‘Rakéite soll undreiwen

Ass Ispace dann emol um Mound ukomm, geet et an éischter Linn dorëms Waasser ze fannen. Also eigentlech d‘Waasserstoff-Molekülle déi sech am Buedem verstoppen. Déi sinn imminent wichteg, fir den Dreifstoff fir d‘Weltraumgefierer hierzestellen. Jo och ganz do uewe kënnt een ouni eng konsequent Energiequell ze hunn, net vun der Plaz. Dat also ass et wourëms et also geet.

Wann all Terminer agehale kënne ginn, soll et schonn 2020 zu engem éischte Lancement kommen. Dës Operatioun mat der Bezeechnung „Mission One“, soll emol fir unzefänken e Module an den Orbit vum Mound setzen, erkläert de CEO vun Ispace Lëtzebuerg, Kyle Aciermo, den intresséierten Invitéeën. 2021 kann et dann zur „Mission Two“ komme wou dann um Mound soll gelant ginn.

D‘Konkurrenz schléift net

Zum Erfolleg gehéiert nieft „kënnen“ allerdéngs och eppes Gléck. Dat heescht bei dësem Programm dierf eigentlech näischt an d‘Box goen, well Ispace sinn net déi eenzeg déi Ambitiounen hunn, an d‘Konkurrenz schléift net. Dat ass zudeem eng „zolidd“, well se „staatlech organiséiert ass“. Et sinn d‘Chinesen an d‘Inder, déi sech och de Mound als Zil vun hire Programmer auserwielt hunn.

Et kommen also immens interessant, mee virun allem Spannend Méint op eis duer. Dat klengt Land am Häerze vun Europa fuerdert riseg Natiounen eraus, a kéint dank enger klenger japanescher Boîte eng historesch Pionéieraarbecht leeschten. A ganz ënnert eis, wier dat net en Ubléck fir d‘Gëtter, wa ganz do Uewen um Äerdtrabant, de Fändel mam roude Léiw eis Landesfaarwe géif vertrieden?

Related topics Etienne Schneider, FNR, ispace, LIST, Luxembourg Space Agency, Mound, SpaceX, Waasser, Weltraum
Next post Previous post