Search

You may also like

dislike
Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt
International Neiegkeeten

Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt

D‘Agrarindustrie, déi wéi all Wirtschaftszweig op Profitmaximéierung getrimmt ass, bedéngt

Ramborn, Spoticle a Spillplaz.lu sinn d’Laureate vum éischten „Tourism Innovation Award“
International Neiegkeeten

Ramborn, Spoticle a Spillplaz.lu sinn d’Laureate vum éischten „Tourism Innovation Award“

Firgëschter goufen d’Präisser vum Tourism Innovation Award am Tramsschapp um

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!
International Neiegkeeten

Grousse Gewënner: 21 Mol Gold fir d’Crémants de Luxembourg!

Um vergaangene Freideg huet déi 28. Editioun vum Concours National

Ass den Assange a Liewensgefor?

Iwwer 60 Doktere fuerderen d‘Iwwerweisung an e Spidol fir den inhaftéierte Wikileaks-Grënner

Ass den Assange a Liewensgefor?

An engem haut verëffentlechte Bréif un déi britesch Inneministesch, hunn iwwer 60 Dokteren sech fir de Julian Assange agesat. Si fuerderen eng Iwwerweisung vum Héichsécherheetsprisong an eng Universitéitsklinik, wann dem Wikileaks-Grënner säin Dout am Prisong soll verhënnert ginn.

Dem Julian Assange säi Gesondheetszoustand wier extreemst beonrouegend an et géif keng Zäit ze verléieren, esou de Konsortium vun Dokteren aus aacht Länner. Wann de Mann net géif zäitno an e Spidol iwwerfouert ginn, kéint hien am Prisong stierwen. Bei hirem „Avis“ hunn sech d‘Dokteren – eegenen Aussoen no – op Aenzeieberichter vum Geriichtstermin den 21. Oktober, esou wéi op de Rapport vun UN-Berichterstatter Nils Melzer gestëtzt.

Fir d‘Signataire vum Bréif, bestinn erhieflech Zweiwel dorunner, datt de Julien Assange physesch wéi psychesch fit ass, fir d‘Unhéierungen zu der vu Washington gefuerderter Ausliwwerung ze bestoen. Ob déi amtéierend Inneministesch sech op d‘Fuerderunge vun den Dokteren aloosse wëll oder kann ass zur Stonn nach net gewosst. Geséchert ass just, datt sech déi britesch Regierung net mat den Amerikaner wëll uleeën a frou wier dem Julien Assange lass ze ginn.

Dee sëtzt säit Abrëll am Prisong well hie géint Kautiounsoplage verstouss huet. Iert et esou wäit komm war, hat de Julien Assange siwe Joer „Asyl“ an der ecuadorianescher Ambassade kritt, fir enger Ausliwwerung u Schweden ze entgoen, wou hie sech viru Geriicht dem Virworf vu Vergewaltegung ze stellen hätt. Déi schwedesch Justiz huet awer leschten Dënschdeg d‘Poursuitte wéinst maassgeeblecher Vergewaltegung agestallt. An den USA misst sech den Assange wéinst Spionage a Verëffentlechung vu Geheimdokumenter veräntwerten.

Aus dësem einfache Grond verlaangen d‘Amerikaner vun de Briten d‘Ausliwwerung vum Julian Assange. Déi wieren net méi wéi Frou dem Wikileaks-Grënner lass ze ginn, dreet dësen dach Afloss op déi ugestrieften „Handelsbezéiungen“ mat den USA ze huelen. D‘Briten awer brauchen nom Brexit d‘Sécherheet, hir Wirtschaftsleeschtung oprecht erhalen ze kënnen, firwat et gutt Bezéiunge mat Washington braucht. De Ball läit elo bei der britescher Justiz.

mat indymedia/lon

Foto: (Archiv)

Related topics Ausliwwerung, Gesondheet, Julian Assange, Prisong, Spionage, WikiLeaks
Next post Previous post