Search

You may also like

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?
International Neiegkeeten

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?

Kennt Dir nach d’Lëtzebuerger Band Patient Zero? Am Abrëll lescht

Coronavirus Lëtzebuerg: Situatiounsiwwersiicht
International Neiegkeeten

Coronavirus Lëtzebuerg: Situatiounsiwwersiicht

Um Freideg huet de Gesondheetsministère, bei sengem leschte Bilan wësse

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun
International Neiegkeeten

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Asselborn: De Friddensprozess am Noen Osten gouf an de leschte Jore vernoléissegt

Asselborn: De Friddensprozess am Noen Osten gouf an de leschte Jore vernoléissegt

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet un der digitaler Reunioun vun den EU-Bausseministeren deelgeholl, bei där de Konflikt am Noen Osten, a virun allem d’Gewalt tëscht Israel a Palestina am Virdergrond stoungen.

Bei dëser Begéinung iwwert den Ecran, déi vum Josep Borrell, héije Representant vun der EU fir baussecht Ugeleeënheeten an d’Sécherheetspolitik aberuff ginn ass, huet de Lëtzebuerger Minister de Beschoss vun der Hamas a weideren terroristesche Gruppe géint Israel veruerteelt an drop higewisen, datt ee sech zwar verdeedegen dierf, mee dobäi déi international Mënscherechter respektéiert an de Schutz vun der Zivilbevëlkerung garantéiert muss ginn.

„D’Bombardéiere vun den zivillen Infrastrukturen am Gaza huet den Dout vun op mannst 212 Persounen gefuerdert, dovunner 61 Kanner a 36 Fraen, ass net ze toleréieren an am Kontext vun der legitimmer Verdeedegung net ze rechtfäerdegen“, sou de Jean Asselborn.

An dësem Kontext huet hien en direkte Waffestëllstand gefuerdert, sou wéi politesch Gespréicher fir de Konflikt ze léisen. Dës Gewalt wier e Symptom vun enger Krankheet, déi et zënter 1967 gëtt, huet hie virun erkläert.

Ma, an de leschte Joren louchen d’Prioritéiten net beim Friddensprozess am Noen Osten. Vill méi huet ee sech dorop konzentréiert déi ekonomesch Entwécklung tëscht Israel an aneren arabesche Länner ze fërderen.

Grad déi lescht Woche beweisen awer, datt eng Léisung vum Konflikt noutwenneg ass. Ënnert anerem goufen d’palestinensesch Wale verréckelt, Famillen a Palestina bedreet, déi zënter Generatiounen zu Sheikh Jarrah wunnen, an och de Ramadan ass net vu Gewalt verschount bliwwen.

Opmaacherbild: © eu2015lu.eu

Related topics Bommen, Fridden, Gewalt, Hamas, Israel, Jean Asselborn, Palestina, Terrorismus, Verdeedegung, Vernoléissegung
Next post Previous post