Search

You may also like

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?
Neiegkeeten

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?

Wéi ech an der Woch vir en Artikel Facebook-Alternative recherchéiert

Verfassungsgeriicht: Vereedegung vum Christiane Reckinger a Karin Guillaume
Neiegkeeten

Verfassungsgeriicht: Vereedegung vum Christiane Reckinger a Karin Guillaume

E Mëttwoch, den 23. September 2020, huet d’Justizministesch Sam Tanson

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
Neiegkeeten

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D'Situatioun däerf net eskaléieren

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte Laurent Mosar eng parlamentaresch Fro gestallt huet, huet den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) elo Abléck ginn, wéi d’Situatioun geléist ka ginn. Dobäi spillt den Dialog en wichtege Roll.

Keng Kris „Sans précédant“

Eng Eskalatioun vun der Situatioun misst op alle Fall verhënnert ginn, esou den Ausseminister. Der Aschätzung vum Laurent Mosar, datt et eng Kris „Sans précédant“ wier, gëtt en allerdéngs net Recht. Sou géif et am Mëttleren Oste genuch Krise ginn, déi scho laang undaueren.

Beim politeschen Dialog sollen d’Mënscherechter net ze kuerz kommen. Den Ausseminister wier reegelméisseg a Gespréicher, op bilateral oder multilateral, mat agebonnen. Wat d’EU ugeet, ass et och fir si am Interesse, datt d’Situatioun sech berouegt. Si géifen sech als Vermëttler ubidden, sinn sech awer sécher, datt d’Golfstaaten souwuel d’Ressourcen als och d’Wäisheet géife besetzen, fir d’Situatioun selwer ze léisen.

Quell

Related topics Jeasn Asselborn, Katar, Katar-Kris, Laurent Mosar
Next post Previous post