Search

You may also like

Den US-Milliardär an de Coronavirus
International Neiegkeeten Stories

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Geet et dem US-President no, dann erleedegt d‘Fréijoer dës neiaarteg

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)
International Neiegkeeten Stories

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

D‘Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL – déi am Volleksmond de „Landesverband“ genannt gëtt

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!

Dës Kaz ass gefréisseg, déck an ëmmer op der Sich

Nationalfeierdag fir Katalounien

D‘Assemblea (dat ass déi katalanesch Nationalversammlung) rifft derzou op, op en Neits d‘Strosse vu Barcelona ze fëllen, fir d‘Recht ob Selbstbestëmmung ze verdeedegen

Nationalfeierdag fir Katalounien

Et ass déi éischt Groussdemonstratioun fir d‘Onofhängegkeet, zanter der Zäsur duerch d‘Covid19-Pandemie, déi vun der katalanescher Nationalversammlung organiséiert gëtt. D‘Assemblea an hir auslännesch Versammlungen an der ganzer Welt, wäerten am Kader vun der „La Diada“ um 11. September verschidde politesch a kulturell Veranstaltungen, esou wéi Treffen opfhalen.

La Diada, den 11. September ass de Nationalfeierdag vu Katalounien. Dësen erënnert un de Fall vu Barcelona den 11. September 1714, um Enn vum spueneschen Ierffolleg-Krich. Zanterhier gedenke Katalanen op dësem Dag de Verloscht vun hire Fräiheeten an hiren Institutiounen. Haut ass déi vun der Assemblea organiséiert „La Diada“ ee festlechen a friddlechen Dag, op deem d‘Mënsche fir d‘Onofhängegkeet vu Katalounien demonstréieren.

La Diada

Säit der zouhuelender Repressioun duerch de spuenesche Staat géint déi katalaneschBevëlkerung, sinn d‘Kundgebungen och en Uert vum Protest an dem Widderstand géint ee mëssbrauchleche Staat.

Den dësjärege Protest um 11. September, dem katalaneschen Nationalfeierdag, konzentréiert sech op d‘Stad Barcelona. Dat mam Zil d‘Bierger an d‘Volleksfront ze mobiliséieren, fir Drock op d‘Institutiuonen auszeüben an ze vermëttelen, datt d‘Onofhängegkeet net ouni Kampf ka gewonne ginn. Mobiliséiert gëtt ab 17.14 Auer mat engem Marsch vun der Plaça Urquinaona zu de Paarte vum Parc de la Ciutadella, wou sech d‘Parlament vu Katalounien befënnt. Da geet d‘Via Laietana erof iert an d‘Avinguda Isabell II ofgebéit gëtt. Da geet et weider iwwer d‘Avinguda Marquès de l‘Argentera zur Estacio de França.

Wat sech international deet

Op internationalem Niveau hu schonn eng Rei auslännesch Versammlunge vun der Assemblea annoncéiert hir Veranstaltungen an Evenementer, ulässlech vun dësem wichtegen Dag fir déi katalanesch Onofhängegkeetsbeweegung, virbereet ze hunn. Déi auslännesch Versammlungen a Groussbritannien, der Belsch, dem Frankräich (Paräis an Nice), Holland, Irland, jo och zu Lëtzebuerg an a Mexiko, fannen entspriechend Meetingen an Treffe statt.

La Diada

A Groussbritannien huet d‘Versammlung gëtt et eng Receptioun mat Opféierung vun traditionelle katalaneschen Dänz a Castells (dat sinn Tierm aus Mënschen), an en Debat iwwert de schotteschen Onofhängegkeetsreferendum. Als besonneschen Invité hu si de schottesche Schrëftsteller an Politaktivist Chris Bambery gewanne kënnen.

D‘Néierloossung an den USA, organiséiert hirersäits eng Onlinekonferenz zu den aktuellen Erausfuerderunge vun den katalanescher Onofhängegkeetsbeweegung. Dat mam fréiere Vizepresident vun der katalanescher Regierung, Josep-Lluís Carod Rovira. Zu Mexiko-City gëtt eng Demonstratioun virun de spuenescher Ambassad ofgehalen.

Am Frankräich, zu Paräis an Nice gëtt mobiliséiert, fir déi spuenesch Repressioun géint déi katalanesch Onofhängegkeetsbeweegung ze condamnéieren. D‘Assemblea zu Lëtzebuerg organiséiert och eng Digital Veranstaltung zum Kontext an der aktueller Sitautioun vun de katalanesche Vertrieder am Exil. Et gëtt selbstverständlech och ee Fest organiséiert. Schliisslech organiséiert d‘Assemblea Irland en Treffen um Merrion Square zu Dublin. An Holland ginn zu Amsterdam verschidden Evenementer organiséiert, fir La Diada ze feieren.

La Diada

Déi auslännesch Assemblea-Versammlungen schaffen un der Basis mat lokalen Organisatiounen, ONGen a politesche Vertrieder zesummen, fir iwwert déi politesch Situatioun a Katalounien ze informéieren. Déi auslännesch „Filialen“ vun Assemblea ermonter jiddereen, deen dorunner interesséiert ass, sech am Ausland fir d‘Onofhängegkeet vu Katalounien anzesetzen, sech mat hinnen a Verbindung ze setzen a méi gewuer ze ginn, oder un dësen Evenementer deelzehuelen.

#CatalanWeek fënnt am Oktober statt

Traditionell organiséieren déi auslännesch Deputéiert vun der katalanescher Nationalversammlung verschidde Veranstaltungen am Virfeld zum katalaneschen Nationalfeierdag vum 11. September. Dëst Joer awer fënnt déi sougenannt katalanesch Woch (#CatalanWeek) an der éischter Woch vum Oktober statt, dat an Zesummenhang mam véierte Joresdag vum katalaneschen Onofhängegkeetsreferendum vum 1. Oktober 2017.

La Diada

Déi 2016 fir déi éischte Kéier organiséiert #CatalanWeek konzentréiert sech op d‘F€derung vun der Onofhängegkeet vu Katalounien am Ausland a prangert an der aktueller Situatioun vum Land och déi politesch Repressioun vu Spuenien géint d‘Mënschen a Katalounien un. Eng Widderhuelung 2022 ass scho virgesinn…

Related topics Barcelona, Katalounien, La Diada, Nationalfeierdag, Onofhängegkeet, Repressioun, Spuenien
Next post Previous post