Search

You may also like

Kuba: ageschränkten Internet
Neiegkeeten

Kuba: ageschränkten Internet

Wann et presséiert muss en Dekret hierhalen, an esou eent

Grenziwwerschreidenden Engagement: D’LAR erhält den Adenauer-De Gaulle-Präis
Neiegkeeten

Grenziwwerschreidenden Engagement: D’LAR erhält den Adenauer-De Gaulle-Präis

War et am Dezember 2020 net méiglech dës feierlech Zeremonie

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!
Neiegkeeten

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!

Den neien Numm vu Jonk Lénk ass ab elo LAIKA.

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil

E Freideg, 7. Mee 2021 invitéiert d’Justizministesch Sam Tanson, a Kollaboratioun mat der Uni op „Assises du Code civil“. Vun 9:00 bis 12:00 Auer gëtt esou eng Diskussiounsronn mat Acteuren aus dem Justizberäich lancéiert.

Dobäi sinn ënnert anerem den Jean-Claude Wiwinius (President vum Ieweschte Geriichtshaff), de Patrick Kinsch (Affekot), den André Prum (Professer op der Uni Lëtzebuerg), den De Georges Ravarani (Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter), den Thierry Hoscheit (éischte Vizepresident vum Lëtzebuerger Bezierksgeriicht) an d’Katelin Ligeti (Dekan vun der Fakultéit fir Gesetz, Economie a Finanzen).

Agelueden ass jiddwereen, deen un der Moderniséierung vum Code civil interesséiert ass. Dës Assises ginn an zwee Deeler organiséiert. An der éischter Sëtzung de 7. Mee geet et méi ëm d’Methodik. Déi Zweet, geplangt fir de 15. Oktober 2021, wäert d’Prioritéitsberäicher fir d’Reform thematiséieren.

An der Sëtzung iwwert d’Methodik vum Code Civil kann ënnert anerem iwwert Reformen, Berécksiichtegung vun auslännesche Renten, d’Kritäre fir d’Festleeung vun de Reformprioritéiten

sou wéi vill aneres debattéiert ginn.

Et gëtt och analyséiert – an zwar vun politeschen Institutiounen, Praktiker a Wëssenschaftler aus dem In- an Ausland. Wat halen si vun der Reform? Do kann e gespaant sinn.

D’Evenement gëtt online (iwwer Webex) ofgehalen. D’Sprooch ass op Franséisch. Et ass awer obligatoresch sech unzemellen, registréieren kann e sech HEI.

Related topics Assises du Code civil, Diskussiounsronn, Experten, Invitatioun, Jean-Claude Wiwinius, Justizministesch, Moderniséierung, Sam Tanson, Uni.lu
Next post Previous post