Search

You may also like

Du muss Suessem richteg gutt kennen, fir hei gutt ofzeschneiden!
Neiegkeeten

Du muss Suessem richteg gutt kennen, fir hei gutt ofzeschneiden!

[onionbuzz quiz-id=160][/onionbuzz] Suessem ass vun der Bevëlkerung hir eng vun

Somalia: US-Arméi setzt Drone géint Terrormiliz an
Neiegkeeten

Somalia: US-Arméi setzt Drone géint Terrormiliz an

Nom Selbstmordattentat an der somalescher Haaptstad Mogadischu, huet d‘US-Arméi Drone

12 Méint an 12 Geschichten: D’Lisa zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Lisa zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

Stephen Hawking. Albert Einstein. Lionel Messi. Si all hunn eppes

No der kaler Portioun Fréijoer op de waarme Summer waarden

No der kaler Portioun Fréijoer op de waarme Summer waarden

Mam 1. Juni huet de meteorologesche Summer ugefaangen. Fir d’ASTA ass dat nees den Zäitpunkt e Réckbléck op d’Fréijoer ze geheien. Generell war dësen am ganze Land ëm 2,2°C méi kal wéi de bekannten Duerchschnëtt. Fir d’Landwirtschaft an de Wäibau huet dëst Verzögerunge mat sech bruecht.

Enn Mäerz huet sech d’Wieder vu senger beschter Säit gewisen, sou datt ee sech eng éischte Kéier am T-Shirt eraus trauen duerft. Um 31. Mäerz konnt bei der Statioun zu Kënzeg mat 25,4°C eng nei maximal Rekordtemperatur gemooss ginn. Schlussendlech koum dunn awer d’Keelt zeréck.

Fréijoer 2021
Bulletin météorologique de l’ASTA – Printemps 2021

Bësse méi am Detail gesäit et esou aus, datt de Mäerz duerch seng mëll Temperaturen an ze wéineg Reen opgefall ass. Eleng un der Musel konnt een a Saachen Néierschlag dem Duerchschnëtt no kommen.

Am Abrëll ass den Temperatur dunn ëm bis zu -3°C ënnert den Duerchschnëtt gefall. D’Nuechte ware gepräägt vu Frascht a genee wéi am Mount virdrun gouf en Defizit u Reen verzeechent. Ähnlech goung et am Mee virun. Bis op de leschte Weekend un deem et méi waarm ginn ass, louch een ënnert dem Duerchschnëtt vun der Saison. Allerdéngs koum et zu méi Reen.

Fréijoer 2021

Bulletin météorologique de l’ASTA – Printemps 2021

Ma, fir d’Landwirtschaft ass et lues virugaangen. D’Wanterkulturen wiere wuel ganz zefriddestellend ausgefall. Ënnert anerem hätt sech awer d’Keime vum Mais verzögert an och aner Kulturen wieren net richteg ukomm. An de Wéngerten hunn déi fraschteg Nuechten hir Spueren hannerlooss, d’Schiet variéieren hei jee no Plaz.

Opmaacherbild: © Charles Deluvio / unsplash

Related topics ASTA, Frascht, Fréijoer 2021, Landwirtschaft, mëll temperaturen, Réckbléck, Reen, Wiederstatiounen
Next post Previous post