Search

You may also like

Fir d’Recht op Representatioun vun de Salariéeën um Niveau vun de Verwaltungsréit
Neiegkeeten WTF

Fir d’Recht op Representatioun vun de Salariéeën um Niveau vun de Verwaltungsréit

Ëmmer nach feelt et a ganz ville groussen Entreprisen u

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60
Neiegkeeten WTF

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60

D’Haaptzil vun der CFL besteet doran, dem Client héichwäerteg Déngschtleeschtungen

money
Verréckte Welt: CLC verdeedegt Salariatsfuerderungen
Neiegkeeten WTF

Verréckte Welt: CLC verdeedegt Salariatsfuerderungen

Op et wierklech esou Eescht gemengt ass wéi et formuléiert

surprise

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

De Veräin zur Ënnerstëtzung fir déi immigréiert Aarbechter (ASTI) bedauert mat Nodrock, datt am deposéierte Budget fir 2018, d‘Integratioun net méi als Prioritéit behandelt gëtt. Och géif et staark u politeschen Akzenter am entspriechende Gesetzprojet feelen.

D‘ASTI erkennt zwar un, datt déi Beräicher déi indirekt mat der Integratioun ze hunn, substantiell méi Mëttel erhalen. Do wou d‘Geld da schlussendlech awer wierklech gebraucht gëtt, do wier keent virgesinn. E Constat, deen ugesicht dem vun der Regierung gewollte Wuesstem, deen et ouni Immigratioun net ka ginn, besuergt mécht.

Zwar hätt de Lëtzebuerger Büro fir den Accueil an d‘Immigratioun (OLAI) géintiwwer 2017 seng Enveloppe ëm 3,5 Milliounen Euro erhéicht kritt. Dat wier awer Geld, dat integral fir d‘Paie vun de Mataarbechter opgebraucht géif ginn. Domatter kann a wëll sech d‘ASTI dann och net offannen.

Natierlech begréisst d‘ASTI d‘Extensioun vun der Enveloppe, wëll se d‘Äntwert op eng längst bekannten Noutwennegkeet ass. Anersäits misst de Finanzminister awer och anere Mechanismen zu Integratioun d‘Prioritéit ginn. Datt ass dann allerdéngs am Staatsbudget fir 2018 net de Fall.

Fir dräi „Mechanismen“ géif et am ganzen nëmme ronn eng hallef Millioun Euro, wat een duerchaus als „lächerlech geréng“ dierft bezeechnen. Rieds ass hei vun den Zouwendunge fir den nationalen Integratiounsplang, dem Vertrag „Accueil an Integratioun“ an de „Begleeten Orientéierungsparcours“.

Bei der ASTI geet een dann och dovunner aus, datt den OLAI eleng fir d‘Betreiung an den Opnameariichtunge fir Mënschen déi Asyl ugefrot hunn, wäit iwwer sechs Milliounen Euro wäert mussen ausginn. D‘Zougeständnes vu 15.000 Euro fir den Auslännerrot ass dann och e „Witz“, ee vun deene schlechten. Eigentlech sollt dëse Rot dach gestäerkt an net geschwächt ginn.

D‘ASTI bleift dann och weiderhin iwwerzeegt dovunner, datt nëmmen eng gutt Integratioun vun den Auslänner, de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg ka garantéieren. Zudeem kéint nëmmen d‘Integratioun d‘Kompetitivitéit vum Land stäerken. Hei sollt een da vläicht och emol bedenken, datt 48% vu de Bevëlkerung a 44% vun de Salariéen Auslänner sinn.

Related topics ASTI, Integratioun, Kompetitivitéit, OLAI, Staatsbudget
Next post Previous post