Search

You may also like

Kooperatiounsaccord tëscht dem OGBL an der ADESP
Neiegkeeten

Kooperatiounsaccord tëscht dem OGBL an der ADESP

D‘Gewerkschaft OGBL an d‘Vereenegung vum Police-Personal mat engem Sekundarofschloss-Diplom vun

Rapp a Klapp am Kaukasus
Neiegkeeten

Rapp a Klapp am Kaukasus

Tëscht dem Aserbaidschan an Armenien huet et scho länger gekriselt

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
Neiegkeeten

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

Haassrieden an der Lëtzebuerger Politik solle gestoppt ginn!

Haassrieden an der Lëtzebuerger Politik solle gestoppt ginn!

D’ASTI kämpft well zënter 40 Joer géint all Form vun Diskriminéierung a politesch Ongerechtegkeeten. Zemools géint déi, wou sech op d’ethnesch an national Hierkonft bezéien, also rassistesch sinn.

Mënscherechter sollen iwwerall Gewiicht hunn. Och an enger demokratescher an respektvoller Gesellschaft, wéi hei zu Lëtzebuerg. Mat Aktiounen, wéi dem Kampf géint Gläichberechtegung an d’Zesummeliewe profitéiert leider net jiddwereen. Se treffen a verschiddenen Deeler vun der Gesellschaft souguer op uerge Widderstand. Mënschen an hir Iddie ginn ugegraff.

Och d’ASTI huet dëst an der Vergaangenheet erlieft, besonnesch zënter dem Referendum vun 2015. Gutt, ouni d’Iddi vun der Viktimiséierung, ma och ouni Entgéintkomme fir déi, déi d’Grenze vun deem wat acceptabel ass iwwerschridden hunn.

Asti

Do kann een als Beispill de Serge Kollwelter an d’Laura Zuccoli huelen. Den alen sou wéi déi nei Presidentin goufen Affer vu Morddreeungen, am Joer 2015 goufen zwou Persounen dofir veruerteelt.

Zanterdeem gëtt ASTI alt méi an alt manner Affer vun ënnerschiddlechen Ugrëff. D’Täter, ganz Gruppen si méi oder wéineger bekannt. De Kampf géint den Haass schwéier ze féieren, et ginn nämlech Grenzen an déi goufe viru kuerzem iwwerschratt.

Den 13. Februar 2021 huet den ADR-Deputéierte Fred Keup op senger perséinlecher Facebooksäit d’Presidentin Laura Zuccoli ugegraff. An dat wéinst hire Kommentaren zur Diskriminéierung zu Lëtzebuerg, déi den 12. Februar 2021 an enger Carte Blanche um RTL Radio waren.

Natierlech streit de Fred Keup dat of. Hien huet anscheinend net vun der edukativer Orientéierung vun den zitéierte Kapverdianer geschwat, well et eben nach ni Diskriminéierung opgrond vun der Hierkonft oder Nationalitéit am schouleschen Ëmfeld ginn huet. Fir dës Behaaptung ze rechtfäerdegen, berifft hien sech op seng 17 Joer Erfarung, déi hien als Schoulmeeschter gesammelt huet. „Kommt mat Fakten net mat bëlleger Polemik“, seet hien dozou.

Ma et gëtt nawell en sachlechen Ënnerscheed tëscht perséinlecher subjektiver Erfarung an enger wëssenschaftlecher Studie. Vu Fuerscher duerchgefouert Etüde gi kritiséiert, ugegraff an als Gëft bezeechent. Esou gëtt eng Basis geschafen, fir dat aus Kommentaren puren Haass gëtt.

Mir sinn all d’selwecht. An d’ASTI leent Theorien of, datt d’Existenz vun de Mënschen aus verschiddene „Rasse“ besteet. Dëse Begrëff gouf an international Konventioune géint de Rassismus opgeholl.

D’Kommentaren ënnert dem Fred Keup sengem Post goufe stoe gelooss a leider net vun him kommentéiert. Et sinn Beleidegunge wéi „Blöd Kou“, „Schued, datt keng Hexe méi verbrannt ginn“, „Madamm Rucola, Ech si fir d’Eliminatioun vun dëser Damm“. D’Kommentaren si xenophob, rassistesch a se ruffen zu Gewalt oder Mord op.

Esou geet dat net! Aus dësem Grond huet d’Laura Zuccoli, berechtegterweis Plainte géint X gefouert, elo läit d’Affär an der Hand vun der Justiz.

Fir d’ASTI ass et wichteg eng Warnung un d’Lëtzebuerger Gesellschaft auszeschwätzen: Haassrieden dëser Aart, sollten net Deel vun engem politesche Kampf sinn! An och soss néierens.

Et ass inakzeptabel, datt e Politiker an esou engem Ausmooss, deen zu gesellschaftleche Spléckunge féiert, zum Haass opruffe kann. Huet en net geschwuer d’Verfassung ze respektéieren?

D’ASTI respektéiert dat demokratescht Spill, wat d’Meenungsfräiheet an der Iddiendebatt garantéiert. Mee net esou …

Related topics ASTI, Beleidegung, Diskriminéierung, Fred Keup, Haass, Laura Zuccoli, Morddreehung, Plainte
Next post Previous post