Verbesserunge fir d’Leit aus dem Gemengesecteur!
D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an
D’Inneministesch Taina Bofferding huet sech mam SYVICOL, der FGFC an
Datt de Projet Luxtram net nëmmen d‘Gesiicht vun eiser Haaptstad
E bëssi iwwerall op der Welt hunn e Freideg Jonker a manner Jonker géint déi klimatesch Inaktioun protestéiert. Si hunn dat mat engem globale Schoulstreik an nationalen an internationalen Aktiounen zimlech däitlech duerchgefouert.
De Mouvement „United for Climate Justice“ verdeedegt equitabel Moossname vir de Klimaschutz an erënnert drun, datt et keng Klimagerechtegkeet ouni sozial Gerechtegkeet ka ginn. Et sollt een zudeem net vergiessen, dat déi klimatesch Verännerungen an éischter Linn déi vulnerabel a sozial schwaach Bierger haart trëfft. Hei ginn nei sozial Ongerechtegkeeten erausgefuerdert.
Schonn haut hunn Dréchent, Iwwerschwemmungen a vill aner Katastrophen, déi duerch de Klimawandel ervirgeruff ginn, zu ekonomeschen a soziale Ëmwälzunge gefouert. Si sinn zudeem eng vun den Ursaachen, firwat vill Mënschen sech op d‘Sich no enger neier Heemecht maache mussen. D‘Klimakris gëtt verantwortlech fir den Deplacement vun 23 Millioune Mënsche gemaach.
An dat steigert sech vu Joer zu Joer. Mëttlerweil iwwertrëfft d‘Migratioun déi duerch d‘Klimakris ausgeléist gëtt, sechs mol d‘Unzuel vun de Krichsflüchtlingen. Dat bréngt eis an eng Situatioun déi de Risk vu politescher a sozialer Instabilitéit erhéicht. Anescht ausgedréckt, wann et esou weider geet, schafe mir eis selwer déi Konflikter, déi mir eigentlech gewëllt sinn ze verhënneren.
D‘Vulnerabilitéit vu gewësse Regioune gëtt a groussem Mooss doriwwer definéiert, wéi et ëm den Accès zu de Ressource bestallt ass. Och en Accès zu Informatioun an Technologië spillt eng grouss Roll, esou wéi d‘Stabilitéit vun den Institutiounen. Dat wierkt sech negativ op déi noutwenneg nohalteg Entwécklung ass, besonnesch an den Entwécklungslänner mee och de „Privilegiéierten“.
A well och mir Verantwortung iwwerhuele mussen, sollte mir eis mobiliséieren an eise Bäitrag an der „Week for Future“, déi nach bis de 27. September eisen Asaz fuerdert, leeschten. D‘ASTI stellt sech hannert d‘Fuerderunge vun „United for Climate Justice“ a rifft all Mënsch am Land op, deem d‘Zukunft – déi eegen an déi vun de Jonken – net egal ass, sech dem Marsch vum 27. September unzeschléissen.
Matgedeelt vun der ASTI Asbl, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: Darwin Laganzon / Pixabay