Search

You may also like

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring
Neiegkeeten

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf

Naked ass Valium a Film-Form
Neiegkeeten

Naked ass Valium a Film-Form

Naked ass esou en onbemierkenswäerte Film, datt all Wuert driwwer

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
Neiegkeeten

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

[onionbuzz quiz-id=132][/onionbuzz] Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A

ASTI: Schoulesch Ënnerstëtzung fir Schüler mat Schwieregkeeten

ASTI: Schoulesch Ënnerstëtzung fir Schüler mat Schwieregkeeten

Nodeems am vergaangene Summer de Projet vun der ASTI, bei deem de Schüler aus dem Fondamental schoulesch Ënnerstëtzung ugebuede gouf, esou gutt ukomm ass, gouf och fir d’Ouschtervakanz 2021 dës Initiative nees vu Benevollen ugebueden. Domat soll Kanner, déi Schwieregkeete beim Léieren an dem Verständnis vum Schoulmaterial hunn, dat néidegt Wësse vermëttelt ginn.

Sief et e Manktem un Hëllef oder och déi feelend Begleedung, et ginn zuelräich Grënn dofir, datt verschidde Kanner hannendra sinn, a grad wärend der Pandemie huet sech dëse Sputt vergréissert. Eng Rei Benevolle vun der ASTI huet sech dofir gemellt, an d’lescht Joer ëm 20 Schüler aus de Cyclen II bis IV en individuellen Encadrement via Tablet an/oder Computer gebueden.

Dobäi konnt de Schoulstoff widderholl an erkläert, sou wéi och liesen, schwätzen a schreiwe geüübt ginn. An där Zäit huet sech eng Vertrauensbasis tëscht Schüler, Elteren a Benevollen opgebaut, wouduerch gutt d’Hallschent vun de Schüler an dësem Joer vun der selwechter Persoun Ënnerstëtzung gebuede kruten.

Fir d’ASTI erweist et sech als selbstverständlech, datt all Kand d’Méiglechkeet zum schouleschen Erfolleg soll gebuede kréien. An dësem Kader fuerdert d’Associatioun d’Regierung op, dësem Mëssstand entgéint ze trieden an effikass Moossnamen anzesetzen.

Related topics ASTI, Benevollen, Bildung, Erfolleg, Liesen, Mëssstand, Pandemie, schoulesch Ënnerstëtzung, Schreiwen, Schwätzen
Next post Previous post