Search

You may also like

dislike
Haart gejaut, schlecht iwwerluecht
Neiegkeeten

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem

En neit Doheem fir d‘Stater Pompjeeën: Am Cortège bei de CNIS
Neiegkeeten

En neit Doheem fir d‘Stater Pompjeeën: Am Cortège bei de CNIS

Eng 30 Camionen a Gefierer sinn e Sonndeg am Cortège

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
Neiegkeeten

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Méi Lëtzebuergesch an eise Schoule géing manner Franséisch an Englesch bedeiten

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et vill Meenungen. Elo huet d’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés asbl) hiren Avis ofginn. Och wa si et begréissen, datt der Lëtzebuerger Sprooch esou de Réck gestäipt gëtt, esou fanne si dach vill Kritikpunkten. Den éischten ass eis schonn aus aneren Avise bekannt: Et gëtt gehofft, datt déi nei geschaafte Gremie vum Kommissär, dem Centre an dem Conseil sech net géigesäiteg op d’Féiss trëppelen.

Och kritesch gesäit een, datt een net mi wäit geet an d’Gemengen, d’Associatiounen an engagéiert Bierger bei hiren Efforten, d’Lëtzebuergesch Sprooch ze stäerken, géing ënnerstëtzen. Esou geet d’ASTI och hin an hëlt den Diskurs, wéi een en och op Facebook fënnt, an d’Viséier. Esou schreiwe se, datt d’Gremien, déi geschaf solle ginn “[…] kaum instrumentaliséiert [kënne] ginn vun deenen Téinerten, déi d’Lëtzebuerger Sprooch benotzen, fir Sträit ze séien an zu Friemenhaass opzestëppelen. Souwisou réieren déi kee Fanger fir deenen, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren, eis Sprooch méi no ze bréngen.”

D’Demande fir Lëtzebuergesch ze léieren ass méi grouss, wéi d’Offer

Datt do en immense Besoin géif bestoen, deen net gedeckt géing ginn, gëtt d’Organisatioun net midd, ze betounen. Sou kéint een am formelle Beräich eng Offer fir 7.000 Persoune fannen. D’Demande wier awer mi grouss, wou wéinst se och am informelle Beräich klëmmt. Vill Leit déi op Lëtzebuerg komme fir ze schaffen, géingen net nëmme Franséisch, mee och Lëtzebuergesch léieren. Dëst wier da laut hinnen e “gewaltegen Effort” dee si bereet wieren, ze maachen. D’ASTI ass an deem Beräich och aktiv a bitt verschidde Modeller un, fir esou Bestriewungen ze ënnerstëtzen.

Eng Angscht bleift bei der ASTI: Datt méi Drock opkënnt, fir méi Lëtzebuergesch an “enger Schoul [ze] forcéieren”. “Mat méi Lëtzebuergesch a manner Franséisch oder Englesch ass kéngem [sic] gehollef a schonns guer net der Qualitéit an engem Kontext vun internationaler Kompetitivitéit an Digitaliséierung, déi eis Politik esou lues entdeckt”, schreift do d’ASTI weider. Beim Lëtzebuergeschen sollt een et léiwer beim “optionalem” beloossen, esou d’Associatioun.

Related topics ASTI, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch
Next post Previous post