Nee! zur moderner Sklaverei
Gëschter am Nomëtte war virum Sëtz vun der europäescher Kommissioun
D‘ADR ass entsat iwwert den neie Gesetzprojet vum Schoulminister, dee
Dat ass op mannst dat, wat een op ville Plazen
Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et vill Meenungen. Elo huet d’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés asbl) hiren Avis ofginn. Och wa si et begréissen, datt der Lëtzebuerger Sprooch esou de Réck gestäipt gëtt, esou fanne si dach vill Kritikpunkten. Den éischten ass eis schonn aus aneren Avise bekannt: Et gëtt gehofft, datt déi nei geschaafte Gremie vum Kommissär, dem Centre an dem Conseil sech net géigesäiteg op d’Féiss trëppelen.
Och kritesch gesäit een, datt een net mi wäit geet an d’Gemengen, d’Associatiounen an engagéiert Bierger bei hiren Efforten, d’Lëtzebuergesch Sprooch ze stäerken, géing ënnerstëtzen. Esou geet d’ASTI och hin an hëlt den Diskurs, wéi een en och op Facebook fënnt, an d’Viséier. Esou schreiwe se, datt d’Gremien, déi geschaf solle ginn “[…] kaum instrumentaliséiert [kënne] ginn vun deenen Téinerten, déi d’Lëtzebuerger Sprooch benotzen, fir Sträit ze séien an zu Friemenhaass opzestëppelen. Souwisou réieren déi kee Fanger fir deenen, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren, eis Sprooch méi no ze bréngen.”
Datt do en immense Besoin géif bestoen, deen net gedeckt géing ginn, gëtt d’Organisatioun net midd, ze betounen. Sou kéint een am formelle Beräich eng Offer fir 7.000 Persoune fannen. D’Demande wier awer mi grouss, wou wéinst se och am informelle Beräich klëmmt. Vill Leit déi op Lëtzebuerg komme fir ze schaffen, géingen net nëmme Franséisch, mee och Lëtzebuergesch léieren. Dëst wier da laut hinnen e “gewaltegen Effort” dee si bereet wieren, ze maachen. D’ASTI ass an deem Beräich och aktiv a bitt verschidde Modeller un, fir esou Bestriewungen ze ënnerstëtzen.
Eng Angscht bleift bei der ASTI: Datt méi Drock opkënnt, fir méi Lëtzebuergesch an “enger Schoul [ze] forcéieren”. “Mat méi Lëtzebuergesch a manner Franséisch oder Englesch ass kéngem [sic] gehollef a schonns guer net der Qualitéit an engem Kontext vun internationaler Kompetitivitéit an Digitaliséierung, déi eis Politik esou lues entdeckt”, schreift do d’ASTI weider. Beim Lëtzebuergeschen sollt een et léiwer beim “optionalem” beloossen, esou d’Associatioun.