Search

You may also like

Am Déngscht vum Bierger
Kultur Neiegkeeten

Am Déngscht vum Bierger

Um Donneschdegowend war op der Gemeng zu Schëffleng eppes méi

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!
Kultur Neiegkeeten

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!

[onionbuzz quiz-id=163][/onionbuzz] No eisem Flossquiz hu mer eis decidéiert, datt

Nuits des Lampions 2021 – Dräi magesch Nuechten zu Wolz
Kultur Neiegkeeten

Nuits des Lampions 2021 – Dräi magesch Nuechten zu Wolz

Um vergaangene Weekend hunn d’Nuits des Lampions Kleng a Grouss

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!

Wie schwätzt, dee léiert. Genee no dësem Prinzip fonctionnéiert de Projet vun der ASTI, bei deem Benevollen a Persounen, déi hir Sproochekenntnisser ausbaue wëllen, iwwert de virtuelle Wee diskutéieren dierfen.

Nodeems de Projet am Dezember 2020 lancéiert gouf, huet dësen direkt groussen Zousproch fonnt. Duerch den Online-Coaching kann ee sech net nëmme vun de Pandemie-bedéngte Restriktioune befreien, mee och ganz einfach a flexibel vum Smartphone, Tablet oder Computer aus deelhuelen a bäiléieren.

Interessant Ausdréck aus dem alldeegleche Sproochgebrauch kennenzeléieren an unzewennen, sou wéi dat néidegt Selbstbewosstsinn ze gewannen, fir déi jeeweileg Sprooch ouni Ängschten dobaussen ze schwätzen, war nach ni esou komfortabel. Ma, gläichzäiteg befënnt ee sech an enger angenehmer Atmosphär an et léiert ee Persounen aus de verschiddenste Beräicher kennen.

D’Coursen, déi iwwregens gratis sinn, ginn op Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch. Dobäi ginn et zwou Aarte vu Gespréichsméiglechkeeten:

  • De virtuelle Sprooche-Choaching: E Benevole kann eng Sprooch mat enger eenzeger anerer Persoun schwätzen;
  • De virtuelle Konversatiounsdësch: Eng Sprooch gëtt am klenge Grupp (1 Benevole mat 2-3 Persounen, déi d’Sprooch léieren) geschwat.

Bis ewell hu 65 Benevollen hir Servicer proposéiert, fir Aneren eng Sprooch online ze bäizebréngen. An dësem Kader hate 50 vun hinnen am viraus eng kuerz Formatioun fir sech ze preparéieren. Ënnerhalb vun engem Mount konnte 75 Participanten hire Vocabulaire verbesseren.

Sidd Dir och interesséiert Benevole a wéilt enger Persoun, duerch Gespréicher hëllefen? Oder sidd Dir gewollt Är Sproochekenntnisser am lockeren Ëmfeld ze verbesseren an hutt en Niveau A1? Da kënnt Dir Iech bei der ASTI per Mail (marc.faber@asti.lu) oder Telefon (Tel.: 43 83 33 1) mellen.

Related topics ASTI, Benevole, Coaching, Däitsch, Flexibilitéit, Franséisch, Gratis, Konversatioun, Lëtzebuerger Sprooch, Online, Sproochcours
Next post Previous post