Search

You may also like

Gesondheet &Lifestyle: Hu Fuerscher e Mëttel géint d‘Migräne fonnt?
International Neiegkeeten

Gesondheet &Lifestyle: Hu Fuerscher e Mëttel géint d‘Migräne fonnt?

Fuerscher vum CNRS, der Universitéit „Côte d‘Azur“ an dem Inserm,

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
International Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

dislike
Downing Street op der sich no engem Partner
International Neiegkeeten

Downing Street op der sich no engem Partner

Während e ganze Koup, virun allem jonk Leit uechter ganz

AstraZeneca an der Zwéckmillchen

Ass et ze vill Informatioun oder just Kakophonie? D‘EMA réit weider zur Vergab vum Impfstoff

AstraZeneca an der Zwéckmillchen

Déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) hält weider um Asaz vum a Kritik gerodene Vaccin vun AstraZeneca fest. Ee méiglechen Zesummenhang tëscht dem Wierkstoff an der Bildung vun Thrombose wier zwar festgestallt ginn, mee den Notze géif méiglech Risike wäit iwwertreffen.

Et kann een et wuel als erwise betruechten, datt den Impfstoff vun AstraZeneca, a ganz seelene Fäll kann thromboembolesch Virfäll ausléisen. An awer hält d‘EMA onageschränkt um Asaz vun dësem Impfstoff fest. D‘Cheffin vun der Medikamentenagence, Emer Cooke, bleift derbäi: „Den Notze vum Wierkstoff ass däitlech méi héich ze bewäerte wéi d‘Risiken!“. Et soll allerdéngs an der Notiz opgefouert ginn, datt Bluttgerënsel als Niewewierkung bei dësem Vaccin optriede kënnen.

Gewosst ass, datt d‘Thrombosen, virun allem bei Fraen ënner 60 Joer festgestallt goufen. D‘Virfäll sinn ëmmer bannent zwou Wochen no der Impfung opgetrueden. Spezifesch Facteure betreffend de Risk vun engem Bluttgerënsel, wéi: Alter, Geschlecht an/oder Virerkrankungen; konnte bis ewell keng notéiert ginn. Fir den Ament ass dovunner auszegoen, datt et sech bei dësen Niewewierkungen ëm eng Immunäntwert op den Impfstoff handelt. Weider Etüden an Analyse sinn nach am lafen.

Eng Saach vum Vertrauen

No all den Informatiounen déi aktuell virleien, kann d‘EMA den AstraZeneca weiderhin empfeelen. En Asaz ouni Beschränkung (ab 18 Joer) ass also méiglech. Elo huet et awer wuel een Ënnerscheed tëscht deem wat d‘Emer Cooke affirméiert, an deem wat „Mënsch“ verstoe wëll. An dann ass do jo och nach déi vu Land zu Land ganz ënnerschiddlech, jo deels scho widderspréchlech Uwennung. Dat bezunn op den Alter. Bei deenen engen ass et +30 Joer, dann nees +55 an/oder +60 Joer…

Ugesiichts de ganz variabele Virgoensweise jee no Land, sollt ee vläicht dovunner ofgesinn d‘EMA a Fro ze stellen. Déi ass zimmlech däitlech, wat d‘Recommandatioun ubelaangt an d‘Erklärungen si liicht verständlech an novollzéibar. An awer setzen elo Länner wéi Dänemark an Norwegen dësen Impfstoff aus. A Spuenien hänkt et nees vu Regioun zu Regioun of. Eis däitsch Noperen iwwerleeë wat se mat der zweeter AstraZeneca-Dosis maache sollen… Resultat: d‘Leit trauen deem net méi.

mat indymedia/bru/ams

Illustratioun: © Macau Photo Agency / unsplash

Next post Previous post