Search

You may also like

money
Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld
Business International Money Neiegkeeten

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Am November wéi d‘ULC hire „Réckbléck“ gemaach huet, ass natierlech

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung
Business International Money Neiegkeeten

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung

Déi spuenesch Regierung huet rabiat Moossname geholl fir ze verhënneren

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an
Business International Money Neiegkeeten

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an

Virum Hannergrond vun de Grenzschléissungen a -kontrollen un den däitsche

money

AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?

Groussbritannien ass en „Drëttland“ aus eegener Iwwerzeegung, si sollten sech dru gewinnen...

AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?

Europa sicht händeréngend no Covid19-Impfstoffer. Dat well et engersäits eppes „Drock“ wéinst den Delaie gëtt an anersäits jo och Virverträg ginn huet, déi vun de Memberlänner erwënscht an ugeholl goufen. Ee Freideg huet et am Kontext vum AstraZeneca-Impfstoff vu gutt bis bossegen Nouvelle alles ginn, wat grad den Ament net wierklech benéidegt gëtt… Hei elo den Iwwerbléck:

1) EMA empfeelt Zouloossung

Wéi erwaart huet déi europäesch Medikamentenagence EMA der EU-Kommissioun eng „bedéngt“ Zouloossung fir de Vaccin vum britesch-schwedesche Pharmakonzern AstraZeneca virgeschloen. D‘EMA selwer huet keng Altersuewergrenz fir Impfwëlleger festgeluecht, si mussen awer 18 Joer jonk sinn. D‘Agence huet drop higewisen, datt et net genuch Daten zur Wierksamkeet bei eelere Mënsche gëtt. Aus dësem Grond huet Däitschland beschloss de Vaccin net u Persounen iwwer 65 Joer erauszeginn. Eis Nopere verloossen sech do op hir stänneg Impfkommissioun STIKO.

AstraZeneca

Fir d‘Cheffin vun der EMA, Emer Cooke, huet hirersäits confirméiert, datt d‘Daten zum Wierkstoff vun AstraZeneca grëndlech gepréift gouf: „Déi wëssenschaftlech Basis vun eiser Aarbecht betount ons fest Verflichtung, d‘Gesondheet vun EU-Bierger ze garantéieren“. Weider heescht et, datt och no der Recommandatioun zur bedéngter Zouloossung, d‘Experte weider d‘Daten zu Sécherheet a Wierksamkeet iwwerwaacht ginn. Bei enger „bedéngter“ Zouloossung, ass den Hiersteller verflicht och weiderhin Daten, beispillsweis zur Laangzäitwierkung, un d‘EMA ze iwwermëttelen.

2) EU-Kommissioun gëtt gréng Luucht

Via Twitter huet d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, gëschter bestätegt, datt de Vaccin vun AstraZeneca an der Unioun dierf genotzt ginn. Dës Ausso gouf vun der Kommissärin fir Gesondheet Stella Kyriakides nach emol confirméiert. Domadder ass elo den drëtten Impfstoff géint de Covid19 an der EU zougelooss. A Groussbritannien gëtt dëse Vaccin zanter Joresufank massiv agesat. Dësen Impfstoff huet zudeem eng Noutfallzouloossung an Argentinien, Indien, Marokko a Mexiko erhalen. Et gëtt awer een Hoken: d‘Liwwerproblemer besti weider, et brauch also Gedold.

AstraZeneca

D‘Emer Cooke zur Impfstoffvillfalt an der EU: „Kee vun de Vaccinen ass fir sech geholl deen Zauberstaf, mee zesummegeholl bidden si Instrumenter an Optioune fir déi verschidden Aspekter vun der Krankheet ze verhënneren“. Dat heescht an der Iwwersetzung: „Mir maache wat mir kënnen, mat deem wat eis zur Verfügung steet“ a weist niewebäi drop hin, datt se eigentlech nach ëmmer keng wierklech Erkenntnisser hunn. Anersäits besteet eng Demande an den AstraZeneca-Impfstoff gëllt als besonnesch Bëlleg an Handlech fir Massenimpfungen. A bestallt gouf e schonn.

3) Verträg oppe leeën?

Hei dierf nach drun erënnert ginn, datt d‘EU-Kommissioun d‘Recherche vun AstraZeneca an der Oxford Universitéit mat 300 Milliounen Euro gestëtzt huet. Et huet an dësem Kontext dann och ee Kafvertrag fir iwwer 400 Milliounen Dose ginn. Dëse Kafvertrag huet d‘EU-Kommissioun aus Grënn vun der „Transparenz“ verëffentlecht, natierlech goufen all déi „interessant Passage“ vun de Vertragspartner am géigesäitegen Averständnes geschwäerzt. Dat beweist, datt al nees beschtefalls de Schäi gewoort gouf. Hei wier et wuel besser gewiescht einfach op Transparenz ze verzichten.

Wärend d‘Ursula von der Leyen dësen „Text“ als glasklore Vertrag mat verbindleche Liwwerunge presentéiert, verbitt dat wat eis als Text virläit d‘Zoustëmmung dozou. Dat bezitt sech op de Fait, datt – ausser hannert de geschwäerzten Zeile verbiergt sech eng „Iwwerraschung“ – an dësem Vertrag verbindlech Verflichtung, eng bestëmmten Unzuel un Dosen zu engem bestëmmten Zäitpunkt ze liwweren. Aus dem Vertrag geet däitlech ervir, datt Livraisounen ënner „bescht méiglechen Efforten“ erfollegen. Et heescht am Vertrag och, datt den Hiersteller „no beschtem beméien“ d‘Produktiounscapacitéite fir déi 300 + 100 Millioune versprachen Dosen opbaut.

4) Kontroll vum Export vun Impfstoffer

Dat alles ass weder eppes Hallwes nach eppes Ganzes, an d‘Decisioun vun der EU-Kommissioun den Export vun Impfstoffer ze kontrolléieren, ass eigentlech nëmmen ee weideren Dominosteen iwwert deen d‘Helde vun der europäescher Diplomatie gefall sinn. Esou koum et dowéinst op der brittescher Insel an Irland zu eppes „Onrou“. Woubäi d‘Britten de Ball flaach hale sollten, an ee bei AstraZeneca gutt berode wier, beim genannte Vertrag an engem ëmstriddene Vaccin Wäitsiicht un den Dag ze leeën. Et gëtt jo – dat zumindest sollt een erwaarden – och eng Zäit no der Pandemie.

AstraZeneca

A wann d‘EU-Kommissioun dës Decisioun geholl huet, esou och dat ee gudde Grond: nodeems AstraZeneca Bescheed sot, datt een nëmmen an der Lag ass ee Brochdeel vun der zougesote Liwwerung leeschten ze kënnen, koum de Verdacht op, datt deen an der EU hiergestallte Vaccin un Drëttlänner – wéi beispillsweis Groussbritannien – kéint ausgeliwwert ginn. Dat bréngt Irland mat an d‘Spill: d‘Ire fäerten näischt méi wéi eng „Haart Grenz“ an dës ugekënnegt „Export-Kontroll“ géif genee dat bedeiten. Nordirland ass jo bekanntlech deel vum Empire also och Drëttland…

5) De Kompromëss

Dëse Virfall hat zur Folleg, datt de brittesche Premier Boris Johnson eppes „ausfälleg“ ginn ass, an seng „Frënn“ Schëmmel a Bless vernannt huet. Am offizielle Jargon gëtt dat folgendermoossen iwwersat: „de brittesche Premierminister huet d‘EU opgefuerdert hir Absichte betreffend méiglech Kontrollen un der iresch-nordirescher Grenz ze erklären“. Et ass richteg, datt och den iresche Premierminister Micheál Martin „dëse Problem“ mat der EU-Kommissiounspresidentin beschwat huet. Dat huet zu Bréissel gëschter fir eppes Iwwerstonne gesuergt, an et gouf eng Léisung fonnt.

AstraZeneca AstraZeneca

An engem kuerze Communiqué huet d‘Kommissioun an der Nuecht bestätegt, datt ee bei dëse beschlossene Kontrolle wäert uecht doen, datt den Nordirland-Protokoll respektéiert gëtt. Per Twitter huet d‘Ursula vun der Leyen der Welt matgedeelt, datt si sech mat béide Premierminister ënnerhalen huet. Dat alles beweist dann och nach emol, datt déi brittesch Brexiteers – nodeems si d‘Land aus dem Grëff vun der Unioun befreit an hir Fräiheet zeréckgewonnen hunn – gemengt haten, d‘Verhandlunge mat der EU aus enger gestäerkter Positioun eraus féieren ze kënnen.

mat indymedia/bru/lon/dub/gva

Related topics AstraZeneca, Covid19-Vaccin, EU-Kommissioun, Impfstrategie, Transparenz
Next post Previous post