Search

You may also like

De BEE Secure DigiRallye – Spilleresch den Internet entdecken
Meenung Neiegkeeten

De BEE Secure DigiRallye – Spilleresch den Internet entdecken

Mam DigiRallye huet BEE Secure eng virtuellen Challenge mat interaktive

Lëtzebuerg verbonne mam Schicksal vun der Union Saint-Gilloise
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg verbonne mam Schicksal vun der Union Saint-Gilloise

D’Union Saint-Gilloise ass e legendäre Fussballclub aus der Belsch. Bal

Postmodern Jukebox – ee eenzegaartege Sprong an 20er Joer!
Meenung Neiegkeeten

Postmodern Jukebox – ee eenzegaartege Sprong an 20er Joer!

Gëschter Owend huet dem Scott Bradlee seng Band Postmodern Jukebox

Asyl amplaz Push-Backs!

déi Lénk fuerderen eng direkt Opnam vu Geflüchteten un den EU-Baussegrenzen

Asyl amplaz Push-Backs!

Gesondheet ass en universellt Grondrecht, dat all Mënsch zousteet. Seelen huet et esou selbstverständlech geschéngt, wéi am Seuchejoer 2020. Seelen gouf dëst esou offensichtlech duerch national Elenggäng a Fro gestallt, zum Beispill an der Beschafung vu medezineschem Schutzmaterial an Impfstoffen.

Wärend d’Europäesch Unioun an d’Ëffentlechkeet op dem Kontinent staark universell Wäerter beschwieren fir déi eegen Identitéit an den transnationalen Zesummenhalt ugesiichts der Corona-Pandemie an der neier vëlkescher Beweegung net ze verléieren, stoppen dës Appeller méi abrupt wéi jeemools virdrun un den EU-Baussegrenzen.

Ëmmer erëm weisen Netregierungsorganisatiounen (NGO) op Push-Backs hin, bei deenen EU-Agenturen wéi FRONTEX militäresch Booter mat Flüchtlingen hannert d’EU-Grenz zréckdrängen, oder tatenlos dobäi nokucken wéi national Acteuren, wéi beispillsweis déi griichesch Küstewuecht, Flüchtender um Boot um Mier aussetzen. Och un der kroatescher Landesgrenz gi Flüchtender mat Gewalt doru gehënnert europäesche Buedem ze betrieden, ouni dass d’EU agräift.

Wärend an Europa am Kampf géint Corona Milliardesubventioune beschloss ginn, grasséiert a Flüchtlingslageren wéi Mavrovouni (Griicheland) d’Krätz. Nieft genuch sanitäre Grundariichtunge wéi beispillsweis Toiletten, mangelt et do an an anere Lageren och u wieder- oder souguer wanterfeste Behausungen.

Scho laang misst d’Lager Lipa (Bosnien) dofir geraumt ginn. Mee d’Mënschen do an an anere Lageren sinn trotzdeem weiderhin just noutdierfteg an Zelter ënnerbruecht Keelt, Bulli a Krankheeten ausgesat. Amplaz hei wéi och ënnerhalb an der EU Mëttel zur Verfügung ze stellen fir sanitäre Schutz ze schafen, gi stëllschweigend Gesetzer kreéiert, déi, wéi kierzlech a Griicheland, all Berichterstattung iwwert dës Ëmstänn duerch NGOs verbidden.

déi Lénk veruerteelen dës Entwierdegung vu Flüchtenden duerch déi Europäesch Unioun an eenzel Memberstaaten op dat Schäerfst! Déi op Käschte vun der humanitärer Hëllef steigend Militariséierung vun den EU-Baussegrenzen an déi domat anhirgoend Kriminaliséierung vu Flüchtenden mussen direkt gestoppt ginn!

Et mussen direkt Mëttel bereetgestallt ginn, fir déi Flüchtend ënnerhalb vun der EU opzehuelen. Entre-temps muss de Mënschen an de Lageren e wierdegt Liewen erméiglecht ginn, virun allem wat d’Quantitéit an d’Qualitéit vun der Ënnerstëtzung vun de mënschleche Grondbedierfnesser betrëfft (Iessen- a Medikamenteversuergun, sanitär Ariichtungen, Wunnraum, asw.).

déi Lénk kämpfen fir déi international Solidaritéit, onofhängeg vun Hierkonft, Geschlecht, Relioun a sexueller Orientéierung.

Dat offiziellt Schreiwes fannt Dir HEI.

Matgedeelt vun déi Lénk Iwwersat aus der däitscher Sprooch vum Shari Pleimelding/moien.lu.

Opmaacherbild: © Markus Spiske / Unsplash

Related topics Asyl, Bosnien, déi lénk, Flüchtling, Frontex, Griichenland, Lipa, Mavrovouni, Mënschewierdeg, NGO, Push-Backs
Next post Previous post