Search

You may also like

Fondation EME: Musek schenken – online
Kultur Neiegkeeten

Fondation EME: Musek schenken – online

Trotz engem relativ turbulente Joer huet d’Fondation EME decidéiert säi

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner
Kultur Neiegkeeten

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner

Bei der Videokonferenz vu gëschter hunn d’Sozialpartner vum OGBL, LCGB,

SREL: Um Geriicht ass d‘Geheimdéngschtaffär nees d‘Aktualitéit
Kultur Neiegkeeten

SREL: Um Geriicht ass d‘Geheimdéngschtaffär nees d‘Aktualitéit

Nodeems den deemolege Premierminister Jean-Claude 2013 wéinst Ongereimtheete beim SREL

Ateliers-Visitt vum Artist Jacques Schneider

Ateliers-Visitt vum Artist Jacques Schneider

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa den Atelier vum Kënschtler Jacques Schneider – déi sougenannt Kritzel Fabrik – besicht. Heibäi konnt si d’Aarbechten entdecken, déi duerch de Forum Stand Speak Rise Up! entstane sinn. Bei dëser Initiativ setzt sech d’Groussherzogin géint sexuell Gewalt an.

Passend zum internationalen Dag zur Eliminatioun vu sexueller Gewalt konnt S.A.R. sech mam Kënschtler Jacques Schneider zur Ënnerstëtzung vun der Initiativ austauschen. Dobäi konnt si virun allem eng fotografesch Konscht-Ausstellung erliewen, bei der déi stäerkst Momenter vum Forum vum 26. a 27. Mäerz gewise ginn.

Bei der Visitt vun der Kritzel Fabrik huet d’Groussherzogin dovu profitéiert, fir déi Ënnerschrëfte-Mauer anzeweien, déi wärend dem ganze Summer zougänglech wäert sinn. Bis den 19. September kann esou och d’Ëffentlechkeet un der Initiativ deelhuelen, den Atelier besichen an eng Ënnerschrëft zur Ënnerstëtzung hannerloossen.

Opmaacherfoto: © Cour grand-ducale / Sophie Marque

Related topics Jacques Schneider, Kritzel Fabrik, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post