Search

You may also like

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz
International Neiegkeeten

Tornado: Solidaritéit verlaangt Verantwortung an Transparenz

Eigentlech sollten de Pierre Melina an de Michel Wolter en

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op
International Neiegkeeten

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess,

Israel a Vereenegt Emirater reechen sech d‘Hänn
International Neiegkeeten

Israel a Vereenegt Emirater reechen sech d‘Hänn

Washington huet vermëttelt an elo soll et zur Opnam vun

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung als „Vertragsbroch“ verkläert a bezeechnen dëse Schratt als atomar Erpressung. Teheran hat uginn, modern Zentrifugen anzesetzen, mat deenen sech den Uran méi séier uräichere léisst.

An domatter huet de Konflikt ëm dat internationaalt Atomofkommes en neie Level erreecht. Laut deem vun den USA eegens an eesäiteg gekënnegtem Vertrag, dierft Teheran den Uran nëmmen op 3,67% uräicheren. Mat entspriechenden Zentrifuge kann een den Uran awer bis zu 90% uräicheren, woumatter dann och de bau vun enger Atombomm méiglech gëtt. Dat awer soll jo verhënnert ginn.

D‘EU huet besonnen – oder jee no Gesiichtspunkt „diplomatesch“ – op d‘Entwécklungen am Iran reagéiert. D‘Spriecherin vun der EU, Maja Kocijancic, huet d‘Ajatollahen zu Teheran ermahnt op dës „Entscheedung“ zréckzekommen, well si den Deal a Gefor bréichten. D‘EU versicht allerdéngs eppes ze retten, wat net méi ze retten ass, well och Europa seng Verspriechen net gehalen huet.

Elo hunn d‘Iraner hir Annonce zäitlech geziilt an treffend agesat. Déi nei „Entwécklungen“ huet Teheran pénktlech zum 40 Joresdag vun der Besetzung vun der US-Ambassade ugekënnegt. Déi iranesch Revolutioun hat deemools den US-Imperialismus mat senger Marionette-Regierung op d‘Plaz verwisen. Et gouf – dat ass Traditioun – natierlech zum Jubiläum e Fändel verbrannt.

Sanktiounen a maximalen Drock

Op d‘Annonce vun den Ajatollahe reagéiert Washington gewinnt „veriergert“ an esou heescht et dann och nees, datt een d‘Politik vum maximalen Drock géif weiderféieren an esouguer ausbauen. Dat géif een elo esoulaang duerchzéien, bis dat Land seng destabiliséierend Methoden opgëtt a sech vun den USA seng politesch a wirtschaftlech Ausriichtung diktéiere léisst. Also dat ass de Plang…

Wat d‘Sanktioune géint den Iran bewierken – ofgesinn dovunner datt et nëmmen d‘Bierger trëfft – sollten se mëttlerweil och am Wäissen Haus matkritt hunn, mee d‘Partenariat mat Saudiarabien erfuerdert sécherlech och eng onkonventionell Aussepolitik. Dobäi wollten d‘Iraner sengerzäit d‘Atomstroum hierstellen, net awer wéi vu Washington behaapt, eegen Atomwaffen entwéckelen.

Elo wëll den Donald Trump mat senger Ekipp: Pompeo/Pence/Mnuchin den iranesche Pëtrol-, Finanz- a Bausecteur zum erleie bréngen. Hien ass iwwerzeegt, datt dat ee probat Mëttel ass, fir d‘Regierung zu Teheran un der Verhandlungsdësch ze zwéngen. Bei dësem sollt et zu engem Accord an aussepoliteschen a militäresche Froe kommen, deen awer vu Washington bestëmmt gëtt.

mat indymedia/nyc/tlv

Related topics Atomofkommes, Erpressung, Teheran, Uranuräicherung, Washington
Next post Previous post