Search

You may also like

NOT A TARGET – Brutal Attack op Persoune vun der Entwécklungshëllef am Niger
Kultur Neiegkeeten

NOT A TARGET – Brutal Attack op Persoune vun der Entwécklungshëllef am Niger

Um Sonndeg, den 9. August 2020 koum et am Niger

Fondation EME: Concerten géint d’Eleng-Sinn
Kultur Neiegkeeten

Fondation EME: Concerten géint d’Eleng-Sinn

Elo wou d’Fondation EME duerch d’Period vum Confinement seng Concerten

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
Kultur Neiegkeeten

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

Atomic Rocket Seeders – Esou hutt Dir Metal aus Lëtzebuerg nach ni héieren!

Atomic Rocket Seeders – Esou hutt Dir Metal aus Lëtzebuerg nach ni héieren!

E puer Sekonne sinn duergaangen a schonn gouf et just nach déi eng Fro: „Wisou hunn ech d’Band Atomic Rocket Seeders net schonn éischter kannt?!“ Fir dësen Trio, iwwregens Metal „made in Luxembourg“, geet et grad steil Bierg erop a Saachen international Unerkennung. Ma, haut huet d’Band säin éischten an no sech selwer betitelten Album erausbruecht, sou datt mir eis mat der energiegeluedener a villfälteger Musek zoudecke kënnen.

Viru knapp 6 Joer huet den Thierry Angel Porcedda – och TAP genannt – de Grupp Atomic Rocket Seeder gegrënnt. Dës Ëfteren steet den Trio souguer mat musikalescher Verstäerkung an talentéierte Gäscht op der Bühn. D’Resultat davun: All Concert gëtt zu engem eenzegaartegen Evenement.

Eng op d’Oueren

Mat hire sozialkriteschen, awer och emotionalen Texter, sou wéi Aflëss vu Blues, Jazz oder och Hardrock, kënnen d’Metaller net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland begeeschteren. Nodeems d’Band 2018 beim nationale Metal Battle gewonnen an d’Opmierksamkeet op sech gezunn huet, duerfte si am Juli 2019 als Virgrupp vun der Nu-Metal-Grupp Limp Bizkit an der Rockhal optrieden.

Domat awer net genuch: De bis ewell absoluten Highlight war et um gréissten Heavy-Metal-Festival weltwäit – dem Wacken Open Air – spillen ze dierfen. Respekt a puer Begeeschterung dofir!

Atomic Rocket Seeders

No all de Joren koum elo schliisslech den Zäitpunkt, en eegenen Debut-Album erauszebréngen. Déi 10 deels immens verschidde Lidder an iwwerraschend Rhytmus- a Stilwiessel, och an de Stécker selwer sinn elo all zesummen op där Scheif ze fannen, déi de selwechten Numm wéi d’Band dréit. ARS beweist, datt och am haarde Beräich kënschtleresch Raffiness net nëmmen de Groussen virbehalen ass.

Eng éischt musikalesch Amuse-Bouch gouf et scho Mëtt Oktober mat „Eternal Ashes“. Ma, elo hätte mir awer gären de ganzen Teller Spaghetti, an net just eng Nuddel!

Ëmweltfrëndlech ënnerwee

Datt Metaller amfong immens sozial a frëndlech Geschëpfer sinn, déi vill ze oft wéinst dem düsteren Ausgesinn an dem Gejäiz an de Lidder zu Onrecht ofgestempelt ginn, beweist ARS bei senge Placken an dem Merch.

D’Coveren vun der CD an der LP sinn aus recycléiertem Pabeier an all Verpackungen sinn zu 100 % aus recycléiertem Material. De Vinyl vun der Schallplack gouf vun „The Greenest Vinyl Pressing Plant on this planet“ produzéiert, ouni datt de museksbegeeschterte Mënsch ob Qualitéit verzichte muss. Souguer d’Drocktënt ass biologesch ofbaubar an all Maschinne si mat grénger Energie gelaf.

An jo, och beim Merch hu sech d’Museker fir héichqualitatiivt Bio-Material entscheet.

Elo heescht et fir Iech just nach: Eralauschteren a genéissen!

Atomic Rocket Seeders fannt Dir och op Facebook an Instagram.
Opmaacherbild: Atomic Rocket Seeders / Facebook

Related topics Atomic Rocket Seeders, Debut-Album, ëmweltfrëndlech, Eternal Ashes, Metal, Musek, Thierry Angel Porcedda, Wacken Open Air
Next post Previous post