Atomkraaftwierk an der Ukrain ugegraff

D’Situatioun an der Ukrain spëtzt sech ëmmer méi zou. Dat gréissten Atomkraaftwierk an der Stad Saporischschja (vun Europa) gouf an der Nuecht op e Freideg vun de russeschen Truppen attackéiert.

Dobäi sinn net nëmme Panzeren zum Asaz komm, och aus der Loft ass d’Kraaftwierk ugegraff ginn. Et stoung zum Deel a Flamen, duerch eng séier Reaktioun ass d’Feier mëttlerweil geläscht. D’Reaktere goufen ausgeschalt, dës weideren ass keng Hausse vun der Stralung gemooss ginn …

Den ukrainesche Präsident ass ausser sech. Hien geheit dem russesche Land vir, nuklearen Terror ze bedreiwen. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht, datt iwwerhaapt een sech getraut huet, ee Kraaftwierk muttwëlleg unzegräifen.

An engem Videomessage sot de Wolodymyr Selenskyj, et géing dono ausgesinn, ewéi wann Moskau d’Atomkatastroph vun Tschernobyl wéilt widderhuelen.

Europa ass besuergt. Och d’USA esou wéi Groussbrittanien hunn dës onmënschlech Attack verurteelt. De Boris Johnson sot, datt de Putin esou ganz Europa bedreeë géing. Elo gëtt eng UNO-Sëtzung aberuff. D’USA a Groussbritannien hunn d’Attacken um Freideg de Moie schonn op dat Schäerfst verurteelt. De brittesche Premier Boris Johnson sot, dass de Vladimir Putin elo d’Sécherheet vu ganz Europa géif menacéieren. Hie wëll dofir eng Sitzung vum UNO-Sécherheetsrot aberuffen. Och d’NATO muss séier reagéieren – ier dëse Konflikt komplett eskaléiert.

Dernières nouvelles