Search

You may also like

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden
International Neiegkeeten

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden

An der Ministerronn um Mëttwoch, huet d‘GroKo de Verbuet vun

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien
International Neiegkeeten

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

D‘Leit stierwen net nëmmen an Asien un dësem Coronavirus (Covid19)

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA
International Neiegkeeten

Den Iran huet kee Gespréichsbedarf mat den USA

Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng

Keng dréche Lagerung vum „Offall“ am Atomkraaftwierk Tihange

Déi wallounesch Regionalregierung net gewëllt nei Halen ze geneemegen

Keng dréche Lagerung vum „Offall“ am Atomkraaftwierk Tihange

Wéi Enn Juli den EuGH geuerteelt huet, datt d‘Atomkraaftwierker vun Tihange an Doel dierfen um Netz bleiwen, haten sech d‘Bedreiwer gefreet. D‘Geld fléisst weider an d‘Risiken droe souwisou „déi aner“. Elo kommen eng Rei Echeance op se duer, an do kéint et zur Iwwerraschung kommen.

Et sollt séier eng Entscheedung getraff ginn, op oder eben net déi verbrauchte Brennstief aus dem Reakter, nodeems si ofgekillt goufen an a Piscine gelagert goufen, fir dann elo an Halen „dréchen“ tëschegelagert ze ginn. Eigentlech gëtt jo nach ëmmer op eng „geologesch“ Léisung spekuléiert, an déi sougenannte Piscinnen (Killbecken) si voll, fir net ze soen: saturéiert. An elo, wat maachen?

Säitens der Regierung ass nach ëmmer keng Decisioun geholl ginn, wouhinner ee mat dësem dach onbequemen Offall hi wëll. Dat huet de Bedreiwer genéidegt bei der wallounescher Regioun eng Baugeneemegung fir dräi Lagerhalen anzereechen. Hei sollen d‘Brennstief dann allerdéngs dréche gelagert ginn. E Gedanken dee bis ewell bei de Politiker déi ze entscheeden hunn net ukomm ass.

Gewosst ass och, datt déi kompetent Autoritéit fir den Amenagement vum Territoire, der Federaler Autoritéit fir nuklear Iwwerwaachung, en absolut negativen Avis virgeluecht huet. (eisen Artikel vum 7. September) De Buergermeeschter an de Schäfferot vun Huy sinn enstpriechend aviséiert ginn. Den Departement fir de Urbanismus huet sech op déi defavorabel Avise vun de Gemengen aus der Ëmgéigend, wéi och de Reklamatioune vun de Bierger an zu gudder Lescht op technesch Ongenauegkeeten an der Baugeneemegungsufro bezunn, fir sech géint de Projet ze stellen.

Ansonsten ass den Dossier zimlech komplett an eigentlech feelt et an éischter Linn nach just un der Stellungnam vum federalen Energieminister. Deen awer léisst sech Zäit. Eng Zäit déi et esou awer net gëtt, well en Dekret festleet, datt eng Entscheedung virum leschte Samschdeg vum September muss getraff ginn. An ugeholl dësen Termäin ass nach ze halen, kommen aner Problemer op.

Hei stellt sech de Problem vun der Prozedur, an do nees d‘Fro: „Wien ass kompetent ze tranchéieren ?“ Soll et weidergoe mam Atomkraaftwierk Tihange, da brauch et een neie Gestiounssystem fir déi ofgebrannte Brennstief. Dat mat enger Lagerung op der Plaz an a beweegleche Container. Dat awer dierft net méi deem vum EuGH zitéierten „Interêt Général“ entspriechen. Kléngt komplizéiert?

An dat ass et och. Wien huet elo de Courage sech als deen dohinner ze stelle fir d‘Entscheedung erbäizeféieren? Wien iwwerhëlt d‘Verantwortung en erwisenermoosse geféierlecht Atomkraaftwierk weiderzebedreiwen? Et heescht jo, datt Tihange bis zum 80. Gebuertsdag weiderlafe soll…

mat indymedia/bru

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Atomkraaftwierk, Atomoffall, Brennstief, Doel, Tihange
Next post Previous post