Search

You may also like

Doud vum Raoul Cauvin, „Papp“ vun de bloen Tuniquen
Meenung Neiegkeeten

Doud vum Raoul Cauvin, „Papp“ vun de bloen Tuniquen

Déi néngte Konscht ass am Trauer. De Raoul Cauvin war

Grouwebrand zu Zowaasch
Meenung Neiegkeeten

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an

Impf-Alternativen: „Sniffe statt Sprëtzen“
Meenung Neiegkeeten

Impf-Alternativen: „Sniffe statt Sprëtzen“

Wa bei eis vun Impfung rieds ass, denkt ee wuel

Atomwaffe sinn iwwerflësseg!

Atomwaffe sinn iwwerflësseg!

QuattroPax“ dat grenziwwerschreidend Friddensnetzwierk an eiser Groussregioun, deelt um 76. Joresdag vum Ofwerfe vun den Atombommen iwwert de japanesche Stied vun Hiroshima (de 6. August) an Nagasaki (9. August) d‘Vermiechtnes vun den „Hibakusha“ (Esou d‘Bezeechnung vun den Iwwerliewenden).

„QuattroPax gedenkt den Affer zu Ufank vum Atomwaffenzäitalter zu Hiroshima an Nagasaki, e mir éieren déi Iwwerliewend, déi den Ënnergang vun dësem Zäitalter ustriewen, andeems mir eis verflichten, ons als QuattroPax sech hinnen an hirem Kampf fir de Verbuet an d‘Ofschafe vun Atomwaffen unzeschléissen“.

D‘Welt brauch keng Atomwaffen. Déi Vereenten Natiounen hunn dat eendeiteg mam Atomwaffe-Verbuetsvertrag dokumentéiert. Atomwaffe sinn duerch dëse Verbuetsvertrag vëlkerrechtlech verbueden. Mir deelen esou och d‘Analys vun der franséischer Initiativ fir déi nuklear Entwaffnung (IDN): „D‘Forme vun der Krichsféierung ënnerleien engem radikale Wandel: Cyber- an Hybrid-Krichsféierung, den Informatiounskrich, (…). An dëser verännerter strategescher Landschaft an där d‘Ënnerscheeden tëscht Krich a Fridden ëmmer méi verschwëmmt, an där den Ugräifer ëmmer méi schwéier ze identifizéieren ass an de krich ëmmer méi onmëttelbar gëtt, huet déi nuklear Ofschreckung keng Plaz“.

D‘Strategie vun der nuklearer Ofschreckung geet esou selwer ëmmer méi zum Sécherheetsrisiko. Mir fuerdere vun eise Regierungen an der Belsch, Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg:

  • Dem Atomwaffeverbuetsvertrag vun de Verennten nATiounen bäizetrieden;
  • Sech fir en Atomwaffefräit Europa, vun der portugisescher Atlantikküst bis zu den Ural-Bierger a Russland anzesetzen;
  • Déi nuklear Bedeelegung bannent der NATO ze beendegen an esou d‘Atomwaffen aus eiser Groussregioun zu Büchel (D) an zu Klein-Broghel (B) ofzezéien;
  • Sech zur radikaler atomarer Ofrëschtung bei der ustoender 10. Iwwerpréiwungskonferenz vum Atomwaffespärvertrag vun de Vereenten Natiounen ze bekennen.

Matgedeelt vu QuattroPax, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Mat der Atombomm „Fat Man“ hunn d‘Amerikaner vun de Japaner d‘Reeditioun ofverlaangt a kritt. Si gouf den 9. August iwwer Nagasaki, knapp dräi Deeg no Hiroshimam, ofgeworf. D‘Spure vum Desaster si bis haut bliwwen. © National Museum of the US Navy

Déi zivilgesellschaftlech Organisatioun QuattroPax stellt sech aus de folgenden Organisatiounen zesummen:

Related topics Atomwaffespärvertrag, Atomwaffeverbuetsvertrag, Friddensinitiativ, Groussregioun, QuattroPax
Next post Previous post