Search

You may also like

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
International Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

APESS an SEW/OGBL: Et gouf e Kooperatiounsvertrag ënnerschriwwen
International Neiegkeeten

APESS an SEW/OGBL: Et gouf e Kooperatiounsvertrag ënnerschriwwen

De 4 Mee 2021 hunn d’APESS an den SEW/OGBL ee Kooperatiounsvertrag

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?
International Neiegkeeten

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?

Een opmierksame Lieser huet dës Foto gëschter am Nomëtteg op

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass

Wann een iergendwéi gläichzäiteg fir a géint Atomwaffen ass

Bei der UN-Versammlung um 7. Juli 2017 zu New York hunn 122 Staate fir d’Verbuet vun Atomwaffen (TPNW) gestëmmt. Um kommende Freideg, den 22. Januar 2021 soll de Vertrag a Kraaft trieden an dofir organiséiert QuattroPax, d’Friddens- a Solidaritéitsnetzwierk an der Groussregioun, eng Aktioun, fir dëse Schrëtt ze feieren. Dobäi sief direkt gesot, dass Lëtzebuerg net un de Verhandlungen 2017 deelgeholl, an de Vertrag weder ënnerschriwwen, nach ratifizéiert huet.


Beim Treaty on the Prohibition of Nuclear Weapons (TPNW), oder och Atomwaffeverbuertsvertrag genannt, geet et dorëm d’Tester, d’Entwécklung, d’Produktioun an de Besëtz vun Atomwaffe fir déi ënnerzeechnend Staaten ze verbidden. Och d’Lagerung, d’Weiderginn, den Asaz oder d’Dreeën mat engem Asaz soll esou ënnerbonne ginn.


Atomwaffenbanmonitor.org


Besonnesch an Afrika, Amerika an Asien fënnt de Vertrag Ënnerstëtzung. Duerch den atomare Schutzschierm vun der NATO entspriechen zuelräich Staaten um europäesche Kontinent net de Konditiounen, fir de Vertrag unzehuelen, an dozou gehéiert och Lëtzebuerg. Sech duerch d’NATO fir de Fall vum Fall fir den Asaz vun Atomwaffen ze verflichten, a gläichzäiteg bei de Vereenten Natiounen fir e Verbuet ze schwätzen, ass weder machbar, nach logesch.

Zeeche setzen

Um 22. Januar 2021 wäerte weltwäit Gemengenhaiser, Kierchen an aner ëffentlech Gebaier e Fändel ophänken, deen ausdréckt „Atomwaffe si verbueden!“. Och a Rheinland-Pfalz, dem Saarlad oder Lëtzebuerg gëtt en Zeechen FIR eng atomwaffefräi Welt gesat. Domat soll ënnert Beweis gestallt ginn, dass Däitschland a Lëtzebuerg jo schonn iergendwéi gären dem UN-Atomwaffeverbuetsvertrag bäitriede wéilten.

An dësem Kader mécht QuattroPax drop opmierksam, dass vill Mënschen an der Groussregioun duerch déi geplangte Moderniséierung vun den Atomwaffenzu Büchel besuergt sinn. E Verbuet géif och de Risiko miniméieren, dass et zu engem Tëschefall oder souguer engem Asaz kënnt.


Atomwaffen
ICAN Deutschland / Twitter


D’Netzwierk aus 10 iwwerregionale Friddensorganisatiounen – fir Lëtzebuerg ass dat d’Friddens- a Solidaritéitsplattform an d’Friddens- a Justizkommissioun – fuerderen nach emol dozou op, den Appell vun der ICAN fir dat weltwäit Verbuet vun allen Atomwaffen ze ënnerzeechnen an esou dem Netzwierk vun de sougenannte „Mayors for Peace“ bäizetrieden.

Bis ewell hunn 28 Stied a Gemengen aus der Groussregioun dës Initiativ ënnerstëtzt. Dozou gehéieren nieft Bad Kreuznach, Tréier a Völklingen och Déifferdeng, Diddeleng, Iechternach, Esch-Uelzecht, Jonglënster, Lëntgen, d’Stad Lëtzebuerg, Monnerech, Nidderaanwen, Réimech, Réiser, Suessem a Steesel.


AtomwaffenUnited Nations / Twitter


Ma, och als Bierger kann ee säi Beitrag leeschten, andeem een d’Gemeng a seng Politiker direkt op d’Thema uschwätzt an se dozou opfuerdert, dem Appell nozegoen.

„Mir brauchen nei Perspektiven fir d’Sécherheetspolitik vun der Zukunft a mussen ëmsteieren – den UN-Vertrag zum Atomwaffeverbuet ass eng grouss Chance an ee wichtege Schrëtt dohin“, sou QuattroPax.

Opmaacherbild: © Maria Oswalt / Unsplash

Related topics atomare Schutzschierm, Atomwaffen, ICAN, QuattroPax, TPNW, Treaty on the Prohibition of Nuclear Weapons, UN, Verbuet
Next post Previous post