E staarkt Benevolat am Naturschutz – Kachékipp
Mat „Kachen a Brachen mat Äppel“ huet et ugefaangen. Mëttlerweil
Mat „Kachen a Brachen mat Äppel“ huet et ugefaangen. Mëttlerweil
Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun
Den Educatiounsminister Claude Meisch krut en Oppene Bréif, geschriwwe vum
Säit Joerzéngte gëllt d’Atomkraaftwierk zu Fessenheim, duerch zuelräich Pannen, als immens Gefor fir eis Sécherheet. De franséischen Energiekonzern EDF huet matgedeelt, datt um fréie Samschdegmoie schliisslech den éischte Reakter ofgeschalt ginn ass. De Prozess, dee schonn um Freideg Owend ugefaangen huet ass verlaf, wéi erwaart.
Et kënnt een d’Gefor, déi vun Atomkraaftwierker ausgeet. Et huet ee gesinn, wat zu Tschernobyl a Fukushima geschitt ass. Ëmsou méi wichteg war et, datt d’Populatioun, Kollektiver an Aktiviste stur bleiwen an esou d’Ofschalte vun der eelster Zentral a Frankräich erzwongen hunn. Ëm 100 Demonstrante waren op der Plaz, dorënner wuel och zuelräich Bierger aus der Gemeng an Mataarbechter vun der Zentral, fir den Drock zur Ofschaltung vum geféierleche Kraaftwierk ze verstäerken. Den zweete Block soll viraussiichtlech um 30. Juni vum Netz goen. Bedreet sinn nämlech all Nopeschlänner an déi gréisst Grondwaasserreserv aus Europa.
„Mir wëssen, datt de Wee nach laang wäert sinn“, betounen d’Tilly Metz, Lëtzebuerger Europadeputéiert. Et bleift een awer weiderhi wuechtsam a feiert de Kampf zum Ausstig aus der Atomkraaft weider. Zil ass ee Mix mat 100% erneierbarer Energie. Dofir soll Fessenheim zum Beispill vun der energetescher Transitioun ginn, mee och am Beräich vun der Formatioun an der Kreatioun vun neien Aarbechtsplaze soll een mat guddem Beispill viraus goen.
Ënnerschriwwen hunn:
Ska Keller & Philippe Lamberts(co-Président·vun déi gréng/ALE am Europaparlament), Evelyne Huytebroeck & Thomas Waitz (co-Présidente vun den europäesche gréngen), Annalena Baerbock & Robert Habeck (co-Présidente vun den däitsche gréngen), Djuna Bernard & Christian Kmiotek (co-Présidente vun de Lëtzebuerger gréngen), Regula Rytz (Présidentin vun de Schwäizer gréngen), Anna Deparnay Grunenberg & Sven Giegold (co-Présidente vun der däitscher grénger Delegatioun am Europaparlament), Tilly Metz (Lëtzebuerger Europadeputéiert), Michèle Rivasi & David Cormand (co-Présidente vun der franséicher grénger Delegatioun am Europaparlament), Julien Bayou, Sandra Regol & Jérémie Iordanoff (Nationalsekretäre vun de franséische gréngen), Eva Sas & Alain Coulombel (co-Porte-Parole vun de franséische gréngen).