Search

You may also like

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner
International Neiegkeeten

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Veräiner, Handel an Horesca Betriber leide staark ënnert de Moossnamen,

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen
International Neiegkeeten

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Bei dësen Zuele kéint ee sech iwwerginn. Engem Rapport vun

surprise
Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren
International Neiegkeeten

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

De Gemengewahlkampf leeft haut offiziell un. A wéi bei all

Wou de Risk méi grouss wéi den Notzen ass

Wann et an der Atomzentral zu Tricastin zur Katastroph kënnt, si mir mat drun

Wou de Risk méi grouss wéi den Notzen ass

Laut Greenpeace, wiere vun engem schwéieren nuklearen Accident (GAU) net nëmme franséisch Groussstied, wéi Beispillsweis Paräis,Lyon a Marseille betraff, mee jee no Wiederlag wieren och auslännesch Groussstied, méi München, Barcelona, London an esouguer Lëtzebuerg betraff. Dat geet esou aus dem neiste Kaartematerial vum Schwäizer Biosphären-Institut ervir.

D‘Erstellung vun de Kaarten – déi an Zesummenaarbecht mat Greenpeace Frankräich realiséiert ginn ass – entsprieche Meteorologesche Situatiounen aus de Joren 2017 bis 2020 an erméiglechen d‘Richtung an déi potentiell Gefor vun enger radioaktiver Wollek ofzeschätzen. 1.096 Simulatioune sinn erstallt ginn, wourauser ze enthuelen ass, bis zu 13 Millioune Mënsche betraff wieren.

Firwat esou ee Gedauschs?

De Roger Spautz, Campaigner vu Greenpeace erkläert: „Déi al an zudeem Äerdbiewe gefäerdet Atomzentral Tricastin, déi nach mindestens zéng Joer vun EDF soll weider bedriwwe ginn, stellt eng Bedreeung fir Millioune Mënschen duer. Net nëmmen an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes, mee och op nationalem an internationalem Niveau“. An d‘Problemer sinn allen Acteure bekannt.

Zanter Jore warnt Greenpeace virun de Risiken, mee de finanzielle Volet, wéi och eng ganz Staark Atomlobby verhënner bis ewell, datt Mesuren ergraff ginn. Ee Reakterbehälter géif iwwer 20 Rëss opweisen a befënnt sech an engem Gebitt mat erhéichtem Äerdbiewe-Risiko. Greenpeace verlaangt vun der franséischer Regierung Verantwortung ze iwwerhuelen an d‘Fermeture ze bestëmmen.

Related topics Äerdbiewen, Atomkraaftwierk, Atomlobby, Greenpeace, Tricastin
Next post Previous post