Vum Attentat op den däitschen Diktator 

Et war den 20. Juli 1944, wou eng Rei däitsch Offizéier versicht huet, den Hitler duerch een Attentat ze eliminéieren. Bei der Sprengstoffattack am Führerquartéier ass den Diktator allerdéngs just liicht blesséiert ginn. Trotz gescheitertem Versuch ass virun allem de Claus Schenk Graf von Stauffenberg zur Symbolfigur vum däitsche Widderstand ginn.

A wéinege Méint konnt den Adolf Hitler, no senger Ernennung zum däitsche Räichskanzler um 30. Januar 1933, säin Terror-Regimm opstellen a säi Rechtsstaat fërderen. Wie sech gewiert oder widdersat huet, ass eliminéiert ginn. An awer ass ëmmer erëm probéiert ginn, géint den Nationalsozialismus virzegoen. Och haut virun 78 Joer war dëst de Fall.

Beim Afrika-Feldzuch am Joer 1943 hat de Stauffenberg zwar een Aen an 2 Fanger verluer. D’Attentat op den Führer wollt hien trotz allem duerchsetzen. Duerch säin Titel – Chef vum Generalstab beim Oberbefehlshaber vum Ersatzheer– duerft hien nämlech bei der Bespriechung am Führerquartéier deelhuelen a konnt onbemierkt an enger Posch d’Bomm mat era schmuggelen. Kuerz virun der Detonatioun huet hien d’Zëmmer verlooss, fir net selwer zum Affer ze ginn.

Iwwerliewen oder stierwen?

Den Hitler hat sech bei enger Bespriechung grad iwwert den schwéieren Eeschendësch geluecht, wéi a bemol eng Explosioun d’Lagerbarack verwüst huet. Dobäi sinn Miwwelen duerch d’Loft geflunn an souguer de Plafong duerch d’Drockwell erofgefall. Vun de uwiesende Persoune sinn der 4 gestuerwen, déi an er méi oder manner liicht blesséiert ginn.

Den Alarm ass scho längst ausgeléist ginn. A Gedanken, datt de Führer d’Attentat net iwwerlieft huet, verléisst de Stauffenberg d’Plaz vum Virfall a reest a Richtung Berlin. Fir dat Drëtt Räich endlech vum Nationalsozialismus ze befreie soll hei ee weidert Attentat mam Numm „Operatioun Wallküre“ gestart ginn.

Datt den Hitler nach um Liewe wier, wousst déi spéider Symbolfigur natierlech net. Duerch den Dësch huet d’Explosioun den däitschen Diktator just liicht no uewe geschleidert. Dobäi huet hien e puer Verbrennungen erlidden a sech béid Trommelfell zerstéiert – näischt liewensbedreeleches also.

D’Scheitere vum Plang

Zu Berlin geléngt et dem Stauffenberg, zesumme mam Generaloberst Friedrich Fromm, de Befehlshaber vum Ersatzheer gefaangen ze huelen. Den Hitler, deen d’Explosioun iwwerlieft huet, konnt natierlech senge Komeroden iwwert d’Situatioun informéieren, sou datt weder an der Reichskanzlei an am Reichspropagandaministère, nach an der Sécherheetshaaptverwaltung eng Persoun unzetreffe war. De Plang vun den Attentäter ass hinnen ëmmer méi entwutscht, bis datt schliisslech guer keng Uerdere méi ëmgesat gi sinn.

Nach um selwechten Owend sinn am Haff vum Bendlerblock de Claus Schenk Graf von Stauffenberg, sou wéi 4 weider Mattäter erschoss ginn. Eng weider Persoun, de Generol Ludwig Beck gëtt zum Suizid gezwongen an den Henning vun Tesckow bréngt sech fräiwëlleg mat enger Handgranat ëm. Weider Widerständler gi verfollegt, verhéiert a gefoltert.

Dernières nouvelles