Search

You may also like

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër
International Neiegkeeten

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!
International Neiegkeeten

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!

D’Stad Lëtzebuerg wëll d’Ëffentlechkeet doriwwer informéieren, datt d’Badanstalt (Rue des

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen
International Neiegkeeten

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen

D’Lëscht un Drëttstaaten, deenen hire Residenten et erlaabt ass a

Attentat zu New York fuerdert aacht Mënscheliewen

Attentat zu New York fuerdert aacht Mënscheliewen

De Chauffer vun enger Camionnette huet um Dënschdeg Cyclisten a Foussgänger zu Manhattan iwwerrannt. Duerch dës Dot, déi vun den Autoritéiten als en Attentat betruecht ginn, sinn aacht Mënschen ëm d‘Liewe komm, dorënner sechs Auslänner. Weider 11 Leit sinn deels schwéier blesséiert ginn.

Ënnert den Affer ware fënnef Argentinier an eng Fra aus der Belsch, wéi vun de respektiven Autoritéiten zu Buenos Aires a Bréissel matgedeelt gouf. De Buergermeeschter vu New York, Bill di Blasio, huet de Virfall als „feigen Akt vun Terror“ bezeechent, ouni op den Dschihadismus anzegoen. Et ass dat éischt Attentat zu New York zanter 2011.

Fir den US-President Donald Trump ass et eng Dot vum Islamesche Staat (IS) an hien huet och direkt den Uerder ginn, d‘Kontroll vun den Auslänner déi an d‘USA wëllen areesen, ze verstäerken. „Politesch korrekt sinn ass gutt, mee net dofir“, esou dem Trump säin Tweet.

Verschidde Medien hunn dann och matgedeelt, datt et sech beim Chauffer vun der Camionnette ëm en Usbek handelt. Dee wier 2010 an d‘Vereenegt Staaten agewandert. No der Dot soll se presuméierten Attentäter aus dem Gefier geklomme sinn an „Allah o-Akhbar“ gejaut hunn. Hie gouf onmëttelbar duerno vun der Police verhaft.

Bedréckte Stëmmung op Halloween

„Et ass ee ganz batteren Dag fir New York“, esou d‘Deklaratioun vum Bill di Blasio op der Plaz vum Attentat, am Südweste vu Manhattan. Vun hei sinn et just e puer Schrëtt bis bei de Mémorial, dee fir d‘Affer vum 11 September opgeriicht ginn ass. De Buergermeeschter deen et gären hätt ee Sonndeg erëmgewielt ze ginn, huet d‘New-Yorker opgeruff all Anomalie ze mellen.

Attentat

D‘Enquêteure inspizéieren d‘Camionnette déi fir déi hannerlëschteg Dot benotzt ginn ass. © Don Emmert/AFP

„Mir wësse säit September 2001 dat mir en Zil sinn, mee mir wäerten eis Liewe liewen an den Terror net gewanne loossen“, deklaréiert sengersäits den Andrerw Cuomo, demokratesche Gouverneur vum Staat New York. Als éischt Mesure ass d‘Presenz vun der Police erhéicht ginn. D‘Police huet och jiddereen, dee Videoen oder Fotoe vum Uschlag huet, opgeruff hir déi zougänglech ze maachen.

De „One World Trade Center“, d‘Héichhaus dat um Site vun den zerstéierten Zwillingstierm opgeriicht ginn ass, war déi ganz Nuecht iwwer rout-wäiss-blo beliicht ginn. Eng trotzeg Reaktioun op en Uschlag, mee och en Zeechen zu Éieren vun der Fräiheet an der Demokratie. Et ass natierlech och schnell an de sozialen Netzwierker reagéiert ginn an New York huet elo och säin Hashtag #NYCstrong.

En éischten Iwwerbléck

Vun de Pompjeeë war gewuer ze ginn, datt bei der Dot eelef Mënschen hospitaliséiert gi sinn, deels mat schwéier Verletzungen, mee keen deen a Liewensgefor wier. Bréissel huet confirméiert datt sech dräi Belsch Bierger ënnert de Blesséierte befannen.

Déi fënnef verstuerwen Argentinier waren aus Rosario an haten den „30 Anniversaire vum Enn vun hire Studie geféiert“ heescht an engem offizielle Communiqué aus Buenos Aires. D‘Fra aus de Belsch déi den Uschlag net iwwerlieft huet, war vu Roulers. Si wollt mat hirer Mam a Schwëster New York besichen.

Zu der Identitéit vum Täter haten d‘Autoritéite keng prezis Informatioun ginn. D‘Police huet just matgedeelt, datt et sech en 29 Joer ale Mann géif handelen an net no weidere Verdächtege géif gesicht ginn. Aus de Medie war dann ze erfueren, datt et sech ëm den Sayfullo Saipov géif handelen.

En Awanderer déi am New Jersey soll gewunnt hunn, wou hien och d‘Gefier gelount huet. Hie war am Besëtz vun enger permanenter Openthaltserlaabnes, der „green card“ a huet als Chauffer fir Uber geschafft. Esouwäit d‘Informatioun vun der New York Times, déi nach preziséiert, datt den Usbek „ënnert dem Radar“ vun der Police war.

Vun der Police dann nach d‘Bestätegung, datt den Täter vun enger Kugel um Bauch getraff an hospitaliséiert ginn ass. Leschten Informatiounen no, wier den Attentäter nach am Owend operéiert ginn, Gefor fir säi Liewe géif et keng.

D‘Welt weist sech solidaresch

Nom Uschlag hunn sech e sëlleche Staatscheffen direkt mat New York solidaresch gewisen. Fir unzefänken d‘Premierministesch vu Groussbritannien an de franséische President.

„Entsat vun dëser hannerlëschteger Attack, gi meng Gedanken un all déi wou getraff goufen. Zesumme sti mir iwwert dem Terror“, esou den Tweet vum Theresa May. „Ech drécken New York an Amerika, eist Matgefill a Solidaritéit am Numm vu Frankräich aus“ esou d‘Deklaratioun vum Emmanuel Macron, deen an engem Tweet ënnersträicht: „Eise Kampf fir d‘Fräiheet vereent eis“.

Attentat

Sichtlech betraff, hält sech e jonkt Meedchen u sengem Papp fest. En Attentat mat enger Camionnette huet am fréien Nomëtteg vun Halloween aacht Mënschen d‘Liewe kascht. © Don Emmert/AFP

Den Uschlag huet am fréien Nomëtteg um 15 Auer stattfonnt. Dat um Bord vum Floss Hudson, wou vill Cyclisten a Foussgänger vum sonnegen Dag profitéiert hunn. Zudeem ass Allerhellge fir New York eng Period wou vill Touristen sech an der Stad ophalen. Den Täter hat d‘Camionnette iwwert de Vëlos- a Spadséierwee gejot.

Op gutt engem Kilometer huet hie mam Gefier Cyclisten a Passanten iwwerrannt, iert seng Course vun engem Schoulbus ënnerbrach ginn ass, beschreift de James O-Neill, Chef vun der Police, de Virgang. De Chauffer wier dann aus der Camionnette geklommen, bewaffent mat engem Loftgewier an enger Paintball-Waff. D‘Beamten hunn dann och direkt op de Mann geschoss an hie verhaft.

E Cortège fir Halloween

No der Schéisserei hu vill besuergten Elteren sech bei d‘Schoule vum Quartier beginn. „Ech hunn d‘Schéisserei net gesinn, mee ech war drësseg Sekonnen duerno op der Plaz. De Geroch vum Polfer war nach an de Luucht. Um Buedem huet e Mann geleeën, deen huet ausgesi wéi wann hie getraff gi wier. Nieft him e Mann dee grad festgeholl ginn ass“, esou en Zeie géintiwwer der AFP

Den 31. Oktober ass Halloween, a ganz vill Leit haten sech scho verkleet fir ze féieren an um grousse Cortège deelzehuelen, deen all Joer zu Greenwich Village dausende Mënschen zesummebréngt. De Cortège huet dann och mat Verspéidung trotzdeem stattfonnt, datt verständlecherweis ënnert verstäerkte Sécherheetsmesuren.

New York huet zanter 2001 reegelméisseg Terrorwarnungen erlieft, mee keng hat zu Doudege gefouert. Déi lescht hat den 22. Mee stattfonnt, wéi e fréieren Zaldot säin Auto op en Trottoir um Times Square gejot hat. Hei war eng jonk Fra verstuerwen an 22 Mënsche blesséiert ginn. Dës Dot war dann awer keen Attentat, et huet sech erausgestallt, datt de Mann psychesch „gestéiert“ war.

De 17 September 2016 hat e jonken Amerikaner mat afghaneschen Originnen zwou Bommen am Quartier vu Chelsea ofgeluecht. Eng eenzeg war explodéiert an hat eng drësseg Leit liicht blesséiert. Bei senger Verhaftung war e Carnet op him fonnt ginn, an deem hien de Ben Laden an aner Dschihadisten ernimmt hat.

mam Catherine Triomphe an dem Laura Bonilla/AFP

Foto: D‘Police vu New York huet direkt nom Attentat mat enger Camionnette d‘Géigend wäitraimeg ofgespaart. © Kena Betancur/Getty Images/AFP

Related topics Attentat, Halloween Terror, New York
Next post Previous post