Search

You may also like

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun
Kultur Stories

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

Wou ass de béise Jong?
Kultur Stories

Wou ass de béise Jong?

Zanter enger gewësser Zäit gëtt et nees vill Spekulatiounen iwwert

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!
Kultur Stories

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

Well ech mech op ee laangen Openthalt an engem Spidol hu misse gefaast halen, hunn ech mir nach séier e Buch am Kiosk vun der Klinik kaaft. Een Zoufallskaf. Een Zoufallstreffer.

Broutkiewerleken am Hondskichelchen, Lächer an den Ierbessen, Spannfiedem am Müsli, Essegmécken op iwwerzeidegem Uebst, Skorpiounen an der Zalot, Fëschelcher an der Timbersammlung, Flëntermais an der Rollluedekëscht, Näschter vu wëlle Beien am Gaardeschlauch, Tigerschleeken op den agekellerten Gromperen, Schäissharespelen am Blummendëppen, Seechomessen um Parking, Wuessmatten an der Beiekëscht, Kalleksprëtzer um Potto vum Gaardenzonk, geheekelt Wanzen ënnert der Schuel vun de Platane sinn just e puer vun den 1001 Spuren am éischten Deel vum Buch Auf Spurensuche vum Lëtzebuerger Naturalist Nico Schneider.

D’Lieser ginn an dësem Buch gewuer, wat et mat de Feeëlämpercher vun Habscht op sech huet, wéini dee giele Fleck op de Käschtebléie rout gëtt, wéi Chinesebäert entstinn, awer och wéi Schléng- Ranken- a Kloterplanze Bamstämm eropklammen, De Schneider beriicht souwuel aus engem Duesrevéier zu Keespelt wéi och aus engem Biberrevéier zu Biissen, erkläert d’Friessbiller vun de Bamschuelenkiewerleken a wéi een erkennt ob Eeërschuelereschter vun engem Ee ons verroden ob e jonke Vull aus dem Ee gekroch ass oder ob d’Ee ausgefriess ass ginn.

An d’Beschreiwunge vum Auteur sinn sou spannend, dass ech mech beim Liesen dobäi ertappt hunn, wéi ech mat engem Bam matgeféiwert hunn, wéi deen et gewot huet weiderzewuesse wéi hien en Zonk an d’Panz geneelt krut a gezwonge ginn ass, duerch de Stacheldrot ze wuessen.

Während d’Harespelen an engem eegene Kapitel behandelt gi begleede souwuel d’Hunnegbei wéi och déi wëll Beien de Lieser duerch dat ganzt Buch. Mech perséinlech huet d’Kapitel iwwer d’Oofbaugebidder am meeschte beandrockt. Am meeschten iwwerrascht war ech awer am Kapitel iwwer Bakterien a Kochelen doriwwer, dass een mat Bakterië schreiwen an zeechne ka wat mir genee sou onbekannt war wéi Pilzkrankheeten, déi männlech Bléien a weiblecher ëmwandelen. Wann dir onbekannte Welten am eegene Gaart, vrun Ärer Dir oder mëtten am Duerf wëllt kenne léieren, da gënnt iech dëst Buch !

Liest d’Kapitelen iwwer d’Blatminen oder d’Déieregalen: dir wäert paff sinn. Dass e Buch souwuel spannend wéi och léierräich ka sinn beweisen d’Kapitelen iwwer Heeschnapp, Schanken oder Schleeken. Ditt iech eppes Gutts : liest Auf Spurensuche.

Dir fannt d’Buch am Haus vun der Natur op Kockelscheier, am shop vum naturmusée am Gronn, méiglecherweis och a jiddwer Librairie. D’Buch ass erauskomm mat der Ënnerstëtzung vun natur&ëmwelt, der Société des naturalistes luxembourgeois, der Association des biologistes luxembourgeois an dem Naturmusée ënnert der ISBN-13 : 978-99959-45-27-5.

Buchcover © Tom Schmitz

Related topics Au Spurensuche, Buch, Natur an Ëmwelt, Nico Schneider
Next post Previous post