Search

You may also like

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel
Kultur Neiegkeeten

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Vill Leit denken bei Patrimoine un de Service des Sites

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden
Kultur Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

Lëtzebuerg ass eng Propper Stad, an datt een dat esou

Béierhaascht „Ambrée“ – Wéi huet de Guy d‘Bernstein-Zëmmer an d‘Fläsch kritt?
Kultur Neiegkeeten

Béierhaascht „Ambrée“ – Wéi huet de Guy d‘Bernstein-Zëmmer an d‘Fläsch kritt?

Wat wier d‘Welt ouni de Guy Majerus, eise Braumeeschter vun

AB / Augmented Books 2.0: Esou hutt Dir d’Welt vun den Erzielungen nach net erlieft!

Dass Bicher net nëmme physesch Objete voller Geschichten a Wësse sinn, beweist d’Ausstellung AB / Augmented Books 2.0. Fir eng zweete Kéier entféieren d’Rotondes, am Kader vu Fabula Rasa, hir Visiteuren an eng artistesch Diversitéit, déi een sech wuel ni erdreemt hätt.

Verschiddenst Methoden an technesch Wonnerwierker gi mat Geschichte fir Kleng a Grouss kombinéiert, a gestalten dës ëmsou méi erliefbar. Dobäi geet heiansdo e Knéck an der Säit, ee Schnëtt mat der Schéier oder och e Stempel duer, fir spannend Aventuren ze erschafen.

Bei dëser Ausstellung presentéieren Auteuren, Illustrateuren an Editeuren hir Wierker, déi, sou fern et d’Pandemie zouléisst, och zum Matmaachen an Upaken ureegen. Natierlech këmmert sech d’Ekipp vun de Rotondes ëm d’Anhale vun den Hygiènesmesuren.

Augmented Books 2.0:“Rotkäppchen” vum Clémentine Sourdais – Hélium Éditions © Shari Pleimelding/moien.lu

Dorobber muss een emol kommen!

Am Kader vun der Expo hu mir eis vun de Responsabele vun de Rotondes duerch d’Wierker leede gelooss an Interviewen mat dem engen oder aneren Artist gefouert. Hei kritt Dir eng kleng Selektioun presentéiert, wat Iech bei AB / Augmented Books 2.0 erwaarde wäert. Fir de Rescht ass et un Iech, op der Plaz ze erliewen, wéi wäit d’Geschichten-erzielen sech ausbaue kann.

Vill Spaass!

Aqua Alta – Een Erliefnis an dräi Akten

Den Adrien M an d’Claire B weise mat „Aqua Alta – La traversée du miroir“ op verschidde Weisen en minimalisteschen, an awer emotionalen Optrëtt vun enger Koppel, déi eng speziell Choreographie lieft. Am Virdergrond stinn den Danz an d’Waasser, sou wéi d’Eropdreiwen. Am Kader vu Fabula Rasa ginn heizou Spektakelen ugebueden, sou wéi eng VR-Versioun vun dëser magescher Erfarung.

Augmented Books 2.0:Eréischt mam Tablet gesidd Dir, wat wierklech hannert dësen dräidimensionalen Elementer stécht © Shari Pleimelding/moien.lu

Wat bei Augmented Books 2.0 ufanks wéi einfach opgeklappte Bicher mat e puer dräidimensionalen Elementer wierkt, verwandelt sech a Kombinatioun mam Tablet zu enger reegelrechter Kuliss. Wärend de schwaarz-wäisse Support beweegungslos um Dësch läit, danzt d’Koppel duerch déi monochrom Landschaften, genéisst d’Waasser oder trëfft sech och um Daach vum Haus.

Le Papillon Imprimeur – D’Individualitéit vum Päiperlek

D’Fanette Mellier (Éditions du livre) weist mat sengem Wierk, wéi faarweg an eenzegaarteg e Päiperlek ka sinn. Esou dierf de Lieser selwer aktiv ginn a kann d’Säiten esou zesummesetzen, wéi et grad gefält. Pandemie-bedéngt ass d’Upaken op der Expo selwer net erlaabt.

“Le Papillon Imprimeur” vum Fanette Mellier – Éditions du livre © Shari Pleimelding/moien.lu

Dobäi ginn et souguer Dages- an Nuechtpäiperleken, sou wéi d’Versioun, déi am Däischtere liicht. E faarwege Paradäis fir Kanner!

Totems – Esou faarweg a lieweg hutt Dir Pop-Art nach ni gesinn

D’Mathilde Bourgon (Gautier-Languereau) war schonn ëmmer faszinéiert vun der Manipulatioun vu Pabeier. Mat spannende Pop-Arts, wou fantastesch Kreaturen a faarweg Fantasie-Geschëpfer beim Opklappen direkt aus dem Buch erauskommen, versetzt si de Visiteur an eng aner Welt. Inspiréiert duerch d’Reesen huet d’Mathilde Bourgon net nëmmen d’Buch „Totems“ kreéiert, mee och déi dozou passend Wiesen, déi jeeweils zu engem Land gehéieren, erstallt.

Augmented Books 2.0:“Totems” vum Mathilde Bourgon – Gautier-Languereau © Shari Pleimelding/moien.lu

Am Interview huet si erzielt, dass Pabeier eng enorm Diversitéit opweist. „Et geet duer ee Pli ze maache fir dass de Pabeier Volume kritt“, sou d’Artistin. Op dëser Expo weist si net nëmmen dat fäerdegt Wierk, mee och d’Essaien an déi individuell Originaler vun den Totems. De Pop-Up ass nämlech guer net emol esou einfach ze erstellen, well een de Volume ëmmer erëm op- an zouklappe kënne muss.

Zesumme mat der „Forêt suspendue“, enger Installatioun, bei där si sech um Amazonas-Reebësch zum Virbild geholl huet, ergëtt dëse Beräich ee richteg stëmmegt an aluedend Konschtwierk, dat ee sech op kee Fall entgoe loosse sollt.

Dans la Forêt – Ee Labyrinth mat Geschicht

Bei der Installatioun vum Trinitat Olina a Juanjo Oller (Milimbo) gëtt d’Kand zum Held vun der Geschicht. Verschidde Rätsele waarden um Parcours aus Kartong. Fannt Dir de magesche Steen, deen um Zil läit?

Ganz nom Motto „Bicher fir ze spillen, a Spiller fir ze liesen“ ass e Labyrinth a Liewensgréisst entstanen, dee mat der passender Soundinstallatioun zu enger spannender Aventure gëtt. Wéi den Juanjo Oller vum spuenesche Studio Milimbo erkläert huet, wier Kartong robust an awer een einfacht Material. Mëttlerweil ass dëst Mëttel zu enger Aart Markenzeeche fir si ginn, mee natierlech géif een och geleeëntlech op aner Materialien – wéi Holz, Keramik, Stoff oder Eisen – zeréckgräifen.

Augmented Books 2.0:Am Labyrinth vum Trinitat Olina a Juanjo Oller – Milimbo © Shari Pleimelding/moien.lu

Weider huet hien ënnerstrach: „Dans la Forêt ass e Parcours fir ze entdecken, ze begeeschteren an ëmmer e bëssen iwwert sech eraus ze wuessen. […] Mir hunn dës Installatioun als en oppent Buch erstallt, déi de Visiteuren d’Hand reecht. Et handelt sech ëm eng immersiv Erfarung, bei där d’Kanner an d’Welt vun de Märercher a Buch-Spiller andauchen.“

Nach bis de 7. Februar 2021

D’Expo AB / Augmented Books 2.0, sou wéi d’Spektakelen am Kader vu Fabula Rasa fannen nach bis de 7. Februar 2021 an de Rotondes statt. Reservéiert Är Plaz a loosst Iech duerch d’Welt vun de Geschichten an Erzielunge leeden, déi hei ganz anescht wéi soss kënnen erlieft ginn.

Weider Informatioune kritt Dir op rotondes.lu.

Uewen fannt Dir och eng Billergalerie zur Expo © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics AB / Augmented Books 2.0, Aqua Alta, Erzielungen, Fabula Rasa, Geschichten, Juanjo Oller, Le Papillon Imprimeur, Mathilde Bourgon, Milimbo, Rotondes, Virtual Reality
Next post Previous post