Kee Profit mat der Pandemie!
Um Donneschdeg haten sech Vertrieder vun déi lénk an dem
Um Donneschdeg haten sech Vertrieder vun déi lénk an dem
Et gëtt Momenter am Liewen, wou ee sech freet, wéi
Bei der Presidentewahl am Kasachstan sinn d‘Iwwerraschungen erwaardungsgeméiss ausbliwwen. De
Am Myanmar (fréier Burma) sinn déi de facto Regierungspresidentin Aung San Suu Kyi, de Staatspresident Win Myint a Membere vun der Regierungspartei vun der Arméi verhaft ginn. D‘Arméi, déi esou nees d‘Heft an d‘Hand hëlt huet erkläert, datt een nom Walbedruch gezwonge war duerchzegräifen. Den Arméichef hätt d‘Muecht fir d‘Dauer vun engem Joer iwwerholl.
Laut de Kolleege vum Magazin „The Irrawaddy“, hätt et zanter Deeg Rumeure ginn, déi op ee méigleche Militärputsch higewisen hunn. Si gi vu weidere Verhaftunge bannent der Partei aus. D‘Parlamentswalen am November hat dem Aung San Suu Kyi seng Partei „Liga fir Demokratie“ (NLD) haushéich gewonnen, wat der Regierungscheffin eng zweet Amtszäit geséchert huet.
D‘Walbedeelegung an dësem südostasiatesche Land mat ronn 54 Milliounen Awunner, hätt bei 70% geleeën. Myanmar awer ass zanter d‘Britten hir Kolonie an d‘Onofhängegkeet entlooss hunn, de Besëtz vun der Arméi. Et hat wuel tëscht 1948 an 1962 esou eppes wéi eng „demokratesch Phas“ ginn, mee zanterhier gëtt d‘Land vun Offizéier geleet. D‘Aung San Suu Kyi, gouf vun der Arméi Jorelaang ënner Hausarrest gestallt. 2010 hat et Wale ginn, déi vun der NLD boykottéiert goufen.
2012 ware 45 Sëtz an der Volleksversammlung bei Nowalen ze verginn. Dem Aung San Suu Kyi seng Partei konnt sech dovunner 43 Mandater sécheren. 2016 huet d‘NLD d‘Regierung iwwerholl. Et hat en Ament Hoffnung op demokratesch Verhältnisser ginn, mee d‘Arméi huet weider den Toun uginn, 2017 gouf vu Rapprochementer tëscht dem Aung San Suu Kyi an der Arméi geschwat.
Ouni d‘Arméi leeft näischt, an d‘NLD war op eng Zesummenaarbecht mat den Offizéier ugewisen. Zudeem, an dat ass ee wichtegen Detail, ass et verfassungstechnesch esou gereegelt, datt d‘Arméi ëmmer 25% vun de parlamentaresche Mandater kritt. D‘Junta hat sech dat 2008 esou draschreiwe gelooss, fir no der Aféierung vun demokratesche Reformen net vun Zivilisten entmuecht ze ginn.
mat The Irrawaddy