Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz
Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir
Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir
D‘Spatzen hunn et vum Daach gepaff. Groussbritannien bleift an der
De Weltdag vun der humanitärer Hëllef, deen all Joers de
Si kënnen un hire Sproochkenntnisser schaffen, aner Kulturen, Länner a Mënsche kenneléieren. Als Géigeleeschtung hëllefe si de Famillje bei liichte familiären Aufgaben. Domat ass meeschtens Kannerbetreiung gemengt. Maximal 25 Stonnen Aarbecht pro Woch dierf d’Famill dem Au-Pair ginn.
Fir dës Sécherheet ze garantéieren, suergt den Service national de la jeunesse (SNJ). Si këmmere sech dorëm, datt gesetzlech Kaderbedéngungen agehale ginn, an och Ufroen ginn iwwert dëse System geleet.
D’Agence LuxAuPair huet sech elo mam SNJ zesummegedoen. Si hu wëlles enk zesummen ze schaffe fir de Familljen an zukünftegen Au-Pairen am Land eng besser Ënnerstëtzung ze garantéieren. Dobäi ass d’Zil de Kontakt tëscht den zwou Säiten, also de Familljen, sou wéi den Au-Pairen ze erliichteren.
Eréischt wann dëst geléngt, ass et sécher, datt de kulturellen Austausch zu enge erfollegräichem Erliefnis gëtt. LuxAuPair bitt och Ënnerstëtzung bei administrativen Demarchen un. Interesséiert Famillje kënnen sech eemol de Mount bei, extra dofir ugebuedene Sëtzungen, informéieren.
Den SNJ behält am Kader vum „accueil au pair“ d’Kontroll iwwer d’Daten a sämtlech Ufroen.
Weider Informatioune fannt Dir op www.au-pair.lu a www.luxaupair.com.
Opmaacherfoto: LuxAuPair / Facebook