Search

You may also like

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz
Neiegkeeten

D’VDL a Volvo danzen den Elektro-Danz

Gëschter huet d’Stad Lëtzebuerg houfreg seng 10 nei elektresch Bussen

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg

Gëschter Owend huet d‘Gesondheetsdirektioun den drëtten Infektiounsfall fir Lëtzebuerg bestätegt.

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun
Neiegkeeten

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun

D’Mëttelalter gëtt oft als grausam an däischter Epoch gesinn, an där Gesetzlosegkeet a Willkür

Wat soss esou am Land lass war…

Wat soss esou am Land lass war…

Aus dem Policebericht huet et nees d‘Meldung, datt gëschter um Virmëtteg op der Stater Gar en Drogendealer op frëscher Dot ertappt gouf. De Mann konnt vun der „Judiciaire“ nom getätegten Handel ergraff ginn. Beim Client hunn d‘Beamten eng Kokainkugel, beim „Händler“ nach emol aacht Kokainkugele sécherstellen. Hie gouf der Untersuchungsriichterin virgefouert, a sëtzt elo am Bing.

Och säitens dem Verkéier huet et zwee Virfäll déi eis Opmierksamkeet erwächt hunn. Esou de Fall vum Automobilist deen „onsécher“ zu Nidderaanwen ënnerwee war an de Police aus dësem Grond gemellt gouf. Eng Patrull huet den Automobilist zäitno ermëttelt, dësen engem Otemtest ënnerzunn, dee Positiv ausgefall ass. Bei der weiderer Iwwerpréiwung, hunn d‘Beamte misse feststellen, datt de Chauffer scho virun engem Mount ee Fuerverbuet zougestallt krut. Elo ass hien den Auto lass…

Eppes no Mëtternuecht zu Äischen, ass eng Persoun mat hirem Gefier an der Stengeforter-Strooss géint ee Gebai gerannt. Den Auto koum matten an engem Geschäft zum halen. Heibäi huet sech de Chauffer liicht Blessen zougezunn, déi dann awer vum Rettungsdéngscht nach op der Plaz konnte verpléischtert ginn. Am Auto huet d‘Police eng kleng Tiitche Cannabis fonnt, wat Suitte sollt hunn.

Den Drogeschnelltest huet sech als Positiv erwisen, firwat de Mann schliisslech awer nach am Spidol gelant ass. Hei hunn d‘Beamten nach missen notéieren, datt och dëse Chauffer wéinst engem administrative Führerschäinenzuch signaliséiert war. Déi ugeuerdent Mesure gouf op der Plaz vollzunn an uschléissend den Onfallprotokoll erstallt. Leider ass et domadder nach net gedoen.

Déidlecht Accident op der N2

Dënschdegvirmëttes ass kuerz virun 11 Auer tëscht dem Kreesverkéier Sandweiler a deem vu Schrasseg, zu engem folgeschwéieren Accident komm. En Auto aus Däitschland war frontal mat engem Camion zesummegestouss. Fir d‘Leit am Auto, eng 54 järeg Damm an ee 55 järegen Här aus der däitscher Grenzregioun, koum leider all Hëllef ze spéit, si sinn nach op der Plat verscheet.

De Chauffer vum Camion a säi Bäifuerer goufen heibäi och Blesséiert, allerdéngs besteet hei keng Liewensgefor. Si goufen, zesumme mat enger Persoun déi ënner Schock gestanen ass, vum CGDIS an d‘Spidol iwwerstallt. Wéi et sech an esou Situatioune gehéiert, gouf säitens dem Procureur, de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police mat den Ermëttlungen zur Onfallursaach beoptraagt.

Sollt et ënner eise Lieser Leit hunn, déi den Onfall observéiert hunn, esou wieren dës gebieden sech mat der Police Syrdall a Verbindung ze setzen. Dat geet iwwer Telefon 244 78 1000 oder per eMail un police.syrdall@police.etat.lu.

Ee besonneschen Appell geet un de Chauffer vun engem däischteren Auto, deen zum Zäitpunkt vum Accident a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee war, an hannert deem sech den Onfall onmëttelbar misst zougedroen hunn. Och no enger Damm tëscht 45 a 50 Joer mat schëllerlaange gekrauselten Hoer, déi sech wärend dem Tëschefall mat enger weiderer Persoun op Lëtzebuergesch ënnerhalen huet, a sech – esouwäit bekannt – zum Moment vum Accident op der Foussgängerbréck opgehalen huet, soll sech wann ech gelift mam hei genannte Kommissariat a Verbindung setzen.

Foto: Beim Accident op der N2 sinn zwou Persoune gestuerwen. © Police

Related topics Accident, Alkoholkontroll, Drogendealer, Police, Policebericht
Next post Previous post