Search

You may also like

Pfizer/BioNTech: Véier Milliounen zousätzlech Impfdose fir d’EU-Memberstaaten
Neiegkeeten

Pfizer/BioNTech: Véier Milliounen zousätzlech Impfdose fir d’EU-Memberstaaten

An den nächsten zwou Woche sollen, duerch een Accord tëscht

money
Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten
Neiegkeeten

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)
Neiegkeeten

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Gutt ee Joer virum offiziellen Enn vu sengem Mandat, huet

Aus der Chamber: Orientéierungsdebatt a Gesetzer

Aus der Chamber: Orientéierungsdebatt a Gesetzer

Nodeems d‘Ombudsfra Claudia Monti de 26. Februar den Ombudsbericht vun 2018 (?) an der Chamber presentéiert hat, an dësen dann och säi Wee an d‘Kommissioune fonnt hat, koum et da gëschter och endlech zur Orientéierungsdebatt am Cercle. Et war nees eng vun dësen Debatten, an där et vill léif Wierder ginn huet, inhaltlech awer als bedauernswäert muss bewäert ginn.

Dat dierf net doriwwer ewechtäuschen, datt et scho wichteg ass sech ausféierlech mat engem obsolete Rapport ze beschäftegen, ee méi rezente gëtt et schliisslech net. Et dierf ee bei aller Kritik och net aus den Ae verléieren, datt de Service vum Ombudsmann ee ganz wichtegt Instrument ass, op dat de Bierger kann zougräifen, wann d‘Verwaltungen hire Missiounen net gerecht ginn.

Op et allerdéngs elo derzou kënnt, datt de Wonsch vun der Ombudsfra – och fir Institutioune mat Ëffentlechkeetsrecht an dem konventionéiertem Secteur zoustänneg ze ginn – erfëllt gëtt? Éischter net, well och wann sech all d‘Fraktiounsspriecher méi oder manner vehement fir esou eng Zoustännegkeet ausgeschwat hunn, esou war den Inhalt vun de Rieden éischter rhetorescher Natur.

Den Ombudsbericht fir 2019 soll iwwregens am Hiecht virleien. Bis dohinner dierft awer och dësen den neie Realitéiten net méi gerecht ginn. Zanter der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, an der bevirstoender Wirtschaftskris, dierften zousätzlech Problemer entstane sinn, déi enger Mediatioun bedierfen. E Gesetzprojet kéint hëllefen, mee wien soll et ugoen?

Konventiounen

An der Chamber ass sech gëschter dann och nees mat Duebelbesteierung a Steiervermeidung beschäftegt ginn. Dozou goufe Konventioune mam Botswana an dem Kasachstan approuvéiert. Zwou „zolidd“ Demokratien, un deenen ee sech sollt e Beispill huelen (oder och net). Mam Botswana erhofft sech Lëtzebuerg dann och ee gréissere wirtschaftlechen Echange.

Mam Kasachstan soll en Accord d‘Quellesteier nei bewäerten. Datt heescht, datt Entreprisen déi zu 100% dem Staat – egal ob Lëtzebuerg oder dem Kasachstan – gehéieren, dovunner misste befreit ginn. Groussaarteg Erklärungen zu dëse Konventiounen huet et natierlech keng ginn, an esou si béid Texter mat 58 Jo-Stëmme béi zweemol „Nee“ mat vill Engagement a Passioun validéiert ginn.

Legiferatioun

Am Cercle hunn déi Deputéiert dann nach eng Rei Gesetzer misse stëmmen, déi als Folleg vum Lockdown noutwenneg gi sinn. D‘EU-Direktiv 2020/879 gesäit jo vir, datt den Delai zur Virlag vun de Berichter am Kontext vum Steierinformatiounsofkommes FATCA mat den USA ëm bis zu dräi Méint dierf iwwerschratt ginn. Bannent der EU kann den Delai ëm bis zu 6 Méint verluecht ginn.

D‘Gesetz zur Transpositioun vun der genannter EU-Direktiv gouf eestëmmeg ugeholl. Mam nächste Gesetz huet d‘Chamber den Text zum „Fonds fir d‘Relance an d‘Solidaritéit“ duerchgewonk. Aus dësem Fonds kréien d‘Entreprisen aus dem Horesca-, Tourismus- (inklusiv Taxi), Kultur-, an Eventberäich eng Subventioun, wann nogewise ka ginn, datt si en Ëmsazverloscht vu mindestens 25% tëscht Juni an November 2020 ze bekloen hunn.

Fir all Mount kann e Betrib esou vum Staat 1.250 Euro pro Vollzäitbeschäftegten an 250 Euro pro Kuerzzäitaarbechter zougestane kréien. Et gëtt awer net méi wéi 85% vum verluerenen Ëmsaz. Eng Mikro-Entreprise kritt bis zu 10.000 Euro, eng PME bis zu 50.000 Euro an ee Groussbetrib dann 100.00 Euro. Sinn aner Hëllefen ugefrot ginn, dierf d‘Zomm 800.000 Euro net iwwerschreiden.

Zudeem muss de Betrib schonn de 15. Mäerz existéiert hunn an et dierfen net méi 25% vum Personal entlooss gi sinn. De Pirate gefält datt elo zwar net, mee well déi gutt Absichten am Text iwwerweien, hunn si d‘Gesetz matgestëmmt. Net esou déi lénk, déi absolutt net novollzéie kënnen, datt d‘Regierung hei offensichtlech Betriber belount, déi sech hire Salariéeë kënnen entleedegen.

Investitiounshëllef

Beim nächste Gesetz gëtt eng Hëllef geschafen, dat fir den Eenzelhandel, mee nëmme fir Entreprise mat bis zu 90 Vollzäitbeschäftegten, déi op Uerder vun der Regierung an de Lockdown geschéckt goufen. Kënnen dës Betriber tëscht dem 15. Mäerz a 15. Mee eng Ëmsazabouss vu mindestens 50% noweisen, an de Fall gesat si gräifen an deem Mount, wou si Subventiounen ufroen, net op d‘Kuerzaarbecht zréckgräifen, soll fir all Vollzäitbeschäftegten: am Juli 1.000 Euro; am August 750 Euro an am September 500 Euro ginn. Den Total vun de Subventiounen dierf 50.000 Euro net iwwerschreiden an et dierf kee Salarié aus wirtschaftleche Grënn entlooss ginn.

Mat engem weidere Gesetz, soll deenen Entreprisen ënnert d‘Äerm gegraff ginn, déi wéinst den Unuerdnunge vun der Regierung an Laberente gerode sinn, bei den Investitioune gehollef ginn. Dat ass eng Iwwerraschung, an hei dierf een sech d‘Fro stellen, wat d‘Regierung domadder bezweckt. Hei läit de Verdacht no, datt d‘Regierung eng Niwwelkäerz gezünt huet, well net ersiichtlech ass, wien vun de bereetgestallten 30 Milliounen tatsächlech profitéiert.

Wéi och ëmmer: mat den hei genannte Gesetzer ginn Hëllefe geschafen: 1) fir Entreprisen déi sech vergréisseren an/oder hir Produktioun diversifiéieren. D‘Hëllef ass net zur Grënnung vun neie Betriber geduecht. 2) Subventioune geet et fir Innovatiounen an der Produktioun an/oder der Organisatioun. 3) Subventioune gëtt et och fir eng besser Energieeffizienz, wann hei mindestens 20.000 Euro an de Grapp geholl ginn.

Dat alles soll derzou bäidroen, datt d‘Entreprise besser opgestallt sinn an sech esou der Konkurrenz erwiere kënnen. Et geet hei ausdrécklech net drëms Verloschter opzefänken oder ze begläichen. A wann et engem geléngt, seng Investitioun als Deel vun der Kreeslafwirtschaft duerzestellen, kann et nach en Zouschlag vu bis zu 20% ginn. Och dësen Text ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Illustrantioun: Alexa / Pixabay

Related topics Chamber, Gesetzer, Konventiounen, Orientéierungsdebatt
Next post Previous post