Search

You may also like

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“
Neiegkeeten

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“

Mat „Brokeback Mountain“, der Verfilmung vun hirem Roman iwwer déi heemlech

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren
Neiegkeeten

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren

Et léisst sech net bestreiden, datt et aus strikt wirtschaftlecher

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet
Neiegkeeten

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet

Et ass net ëmmer kloer, wat bei Meldungen, déi duerch

Aus der Welt, kuerz bericht

Manchester: Aacht Verhaftungen

Nom schrecklechen Uschlag zu Manchester sinn um Donneschdegowend aacht Persounen am Kader vun der Enquête an Untersuchungshaft komm. Den Trump sengersäits huet den Auteuren déi de Medie geheim Informatiounen un d’Medie weidergeleet hunn, juristesch Suite versprach.

Am Häerz vu London, um Trafalgar Square an a ganz Manchester hunn d’Britten eng Minutte Silenz zum Gedenken un déi 22 Doudeg, dorënner ee sëllech Kanner, ofgehalen. Op der St.Ann Plaz hunn d’Leit „Don’t look back in Anger“ vum aus Manchester staamende Grupp „OASIS“ gesongen. „Et ass fir jiddereen ënnert eis eng grouss Trauer. Et ass wei wann eis eege Famillje verschwonne wären“ sot déi 69 jäereg Carmel McLaughlan, ëmgi vun dausende Blummen. „D’Leed iwwerdeckt déi ganz Stad (…) dat ganzt bleift schwéier ze gleewen“.

Polen: D’Pell vum aneren Dag nëmme schwéier ze kréien

Am polnesche Parlament, dee vun de nationalistesche Konservativen dominéiert gëtt, ass um Mëttwoch ee Gesetz gestëmmt ginn, deen den Accès zu der „Pell vum aneren Dag“ beschränkt. Dës soll nach just op Rezept ze kréie sinn. Déi Virrecht liberal Regierung hat enger europäescher Regelung no dësen Accès ouni Rezept fir Meedercher a Fraen ab dem 15 Liewensjoer erlaabt.

Dëst Gesetz, eng Initiative vun der Premierministesch Beata Szydlo ass mat 242 Stëmme géint déi vun 188 Deputéierten ugeholl ginn. Néng haten sech enthalen. Ee Gesetz dat wuel och keng Oppositioun am Senat dierft begéine wou de PiS (Partei fir Recht a Justiz) d’Majoritéit huet. Och den konservative President Andrzej Duda wäert deem zoustëmmen.

Déi feministesch Organisatioune sinn deemno zurecht besuergt. „Dëse Gesetzprojet schränkt d’Rechter vun der Fraen an“ hat d’Katarzyna Labedz schon am Februar bedauert. Sengem Uerteel no verléiert d’Verhiddung an der Urgence säi Sënn, wëll se fir efficace ze sinn schnellst méiglech muss ugewannt ginn. Erënnere mer nach dorunner, datt de PiS am Hiecht 2016 alles dru gesat hat fir d’Ofdreiwung ze verbidden. Gréisser Manifestatioune vu Frae konnten dat verhënneren.

Griicheland: Uschlag op den Ex-Premier Papademos

Um Donneschdeg ass den 69joer ale griicheschen Ex-Premier Lucas Papademos bei der Explosioun vun engem Sprengsaz a sengem Auto zu Athen blesséiert ginn. D’Verletzungen an der Bauchgéigend an un de Been konnte laut der nationaler Presseagentur ANA an engem Spidol vun der Haaptstad behandelt ginn.

Mir si schockéiert. Ech veruerteelen dës nidderträchteg Dot“ huet de Kommunikatiounsminister Nikos Papas der ERT gesot. D’Attack ass nach net revendiquéiert ginn. Nom Bericht vun ERT huet den Papademos säi Courrier gelies, wéi eng Bréiffal am gepanzerten Auto an d’Luucht gaangen ass. De Papademos war Premierminister vun 2011 bis 2012, d’Zäit vum Héichpunkt vun der Kris.

USA: „Dieselgate“ erwëscht General Motors

No Volkswagen a Fiat-Chrysler ass elo och General Motors (GM) an de Skandal ëm den „Dieselgate“ verwéckelt. Eng Plainte ass an Amerika géint d’Nummer 1 vun der Automobilindustrie agereecht ginn. GM gëtt beschëllegt och Fuddel-Software an seng Autoen installéiert ze hunn fir d’Wäerter vu sengen Dieselautoen ze friséieren.

Den däitschen Hiersteller BOSCH, schonn an der Plainte géint Volkswagen genannt, ass och vun enger kollektiver Plainte betraff, déi en Donneschdeg am Staat Michigan beim Geriicht agereecht ginn ass. D’Proprietaire vun iwwer 705.000 Camionnettë vum Typ Chevrolet Silverado Duramax an GMC Sierra Duramax affirméieren, datt d’Software an dës Vehikel tëscht 2011 an 2016 agebaut ginn ass.

Venezuela: Kuerz virum Biergerkrich ?

Mat engem jonke Mënsch dee lieweg verbrannt gouf, 57 Doudeger an sëlleche Geschäfter déi ausgeraibert gi sinn, huet d’Gewalt déi d’Manifestatiounen am Venezuela begleet en neien Héichpunkt erreecht. „Et ass Dantesque dat ee jonke Mënsch zu Altamira lieweg verbrannt ginn asserkläert sech d’Procureure Luisa Ortaga – déi als eenzeg am Presidentekrees Oppositioun leescht – zum Virfall deem den 21joer jonken Orlando Figuera zum Affer gefall ass.

De President Maduro beschëllegt seng Géigner dës Persoun als Ziel geholl ze hunn „wëll dee Chaviste war“. D’Oppositioun reagéiert mat der Veruerteelung vun de Faiten a verséchert, datt et sech ëm d’Lynche vun engem Déif géif handelen, wéi dat, esou schéngt et, regelméisseg an dësem Land, ee vun de gewaltbereetsten op der Welt, ëfters virkënnt.

Fir den Nicmer Evans, chavistesche Politolog mee Kritiker vum Maduro, gëtt et a béide Lager Unhänger vun der Gewalt. Bis elo hunn dës Gewaltausbréch awer éischter der Oppositioun geschuet. „Et gesäit een Kagouléierter mat Molotov Cocktailen an enger stupider Konfrontatioun David géint Goliath, déi Ofleenung provozéiert an vun de Fuerderungen oflenkt“ erkläert den Evans.

Next post Previous post