Search

You may also like

geek
De Marvel Cinematic Universe, erkläert
Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

Holland am (partielle) Confinement
Neiegkeeten

Holland am (partielle) Confinement

An Holland huet d‘Regierung sech fir ganz drastesch Moossnamen entscheet,

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand
Neiegkeeten

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand

Den 8. Februar huet den Hiewane-Verband Lëtzebuerg (ALSF) säi ronne

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz

Ouni Iwwerraschung, dofir mam gläiche politeschen Dissens, ass um Freideg dat vum Rapporter Mars di Bartolomeo virgeluechten a presentéiert Covid19-Gesetz an der Chamber ugeholl ginn. D‘Koalitioun huet, no den ëmmer gläichen Interventiounen, d‘Gesetz géint déi och ëmmer gläich Kritik vun der Oppositioun, duerchgeboxt.

Wann een ervirhiewe muss datt d‘Fraktiounspresidente Gilles Baum (DP) a Georges Engel (LSAP) der Oppositioun zougestanen hunn datt et tatsächlech nees eppes iwwert de Knéi gebrach gouf, fir de Gesetzestext ze finaliséieren, esou ass et dëse Volleksvertrieder zu gudder Lescht awer absolut egal, datt d‘Regierung 19 mol a folleg, net amstand ass ee kohärenten a verständlechen Text zur Ofstëmmung ze bréngen. Eng gewëssen Absicht léisst sech net méi ofstreiden.

An da muss jo och ëmmer nees drop higewise ginn, datt mir jo wesentlech méi Fräiheete genéisse wéi dat an de meeschten EU-Länner de Fall wier. Engersäits wëlle mir eis bei de Moossnamen net mat anere vergläichen, wann et dann drëms geet de Bierger Sand an d‘Aen ze streeën, ass Europa als Verglach net méi grouss genuch. Esoulaang dat d‘Fraktioun vun den Ekologisten ënnert der Leedung vum José Lorsché zefriddestellt, gëtt et kee Gronn zur Opreegung…

Fir de Claude Wiseler (CSV) ass d‘Interventioun zu de Covid19-Gesetzer och ëmmer ee klenge Challenge, well d‘Kritik géint d‘Regierung an hir desolat Interpretatioun vu „Legislatioun“ dierf net méiglech politesch Konstellatiounen an der Zukunft hypothekéieren. D‘Kritik dierf relativiséiert ginn, zemools et jo am Laf vun der Woch säitens der CSV, eng Offer ginn hat. Si wollten hir Ofstëmmung un der Zoustëmmung vun enger CSV-Motioun festmaachen.

De Sven Clement hält ënner Uwennung vun enger zoutreffender Argumentatioun der Regierung nees de Spigel vir, a wat déi doranner sollt erkannt hunn, dierft se erféieren. Woubäi dës Politiker jo awer, fréier wéi och nach haut, mat all Waasser gewäsch sinn. Si komme jo nach just dann an de Schweess, wann et drëms geet rhetoresch den exakte Géigendeel vun deem ze erklären, wat hir eigentlech Absichten, Ziler an Interesse sinn. Beruffspolitiker an Aktioun.

Et huet Motioune ginn, déi all verworf goufen a wéi scho gesot, déi Nonzéngt Ausgab vum Gesetz ass mat 31:29 adoptéiert. Op et faktesch méiglech ass, sech strikt un déi an dësem Text enthale Richtlinnen an Obligatiounen anzehalen? Wa jiddereen iwwert eppes gesonde Mënscheverstand verfüge géif, vläicht, woubäi och dann ass et schwéier. Mee dat wichtegst ass jo, datt een sech elo jo nees voll de gastronomesche Freeden, och Dobannen, kann erginn.

Foto: (vlnr) Sven Clement, Piraten; Jean-Marie-Halsdorf, CSV a Mars di Bartolomeo, LSAP. Et géif hei vill Spillraum zur Interpretatioun vun der Gestik ginn, woubäi zumindest dierf kloergestallt ginn, datt de Pirat dem Kaviarsozialist net ugebueden huet, den Dissens um Parvis vum Cercle no ale Reegelen a Ritualen ze klären. © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Koalitioun, Mars di Bartolomeo, Oppositioun, Regierung
Next post Previous post