Search

You may also like

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir
International Kultur Neiegkeeten Sport

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir

Déi national-konservativ Koalitiounsregierung vun Éisträich en 180 Säiten ëmfaassenden Aarbechtsprogramm

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen
International Kultur Neiegkeeten Sport

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Lëtzebuerg ass eent vun de leschten europäesche Länner, datt sech

money
Nach keen Hëllefspak a Siicht
International Kultur Neiegkeeten Sport

Nach keen Hëllefspak a Siicht

No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee

Serena Williams, Aushängeschëld vun Amazon

Serena Williams, Aushängeschëld vun Amazon

Digital Plattforme ginn ëmmer méi gurmangseg, wann et ëm Sportsdokumentatioune geet. A wat d’Persoun méi bekannt ass, wat et méi Suen abréngt. Amazon huet mam Serena Williams den Jackpot geknackt.

Et war Vanity Fair, déi d’Noriicht erausbruecht huet. An engem Interview mam Serena Williams, huet déi amerikanesch Tennismeeschterin bekannt ginn, datt si e Vertrag mat Amazon Prime ënnerschriwwen huet. Et geet enf Dokumentarserie gedréit, déi hier phänomenal sportlech Leeschtung nozeechent.

“Ech si wahnsinneg opgereegt. Mir schaffen drun, d’Geschichten op den Ecran ze bréngen, déi mir um Häerz leien. Ech kann et kaum erwaarde meng perséinlech Geschicht ze erzielen – an ech kann et kaum erwaarden si mat der Welt ze deelen,” sot d’Serena Williams der berühmter amerikanescher Zäitschrëft.

Ee vun den exekutive Produzente vun dëser Serie wäert säin Trainer sinn: de Patrick Mouratoglou.

“D’Serena huet den Tennis verwandelt. Hatt huet sech zu eng vun den inspiréiertste Sportlerinnen vu senger Generatioun entwéckelt a gouf net nëmme wéinst senge Fäegkeeten op der Plaz bewonnert, mee och fir säin Engagement fir d’Rechtwiesen,” seet d’Jennifer Salke, Direktesch vun Amazon Studios.

Dës Nouvelle kënnt nëmmen e puer Wochen nodeems dem Boris Becker säi Film “Der Spieler” ugekënnegt gouf. Seng éischt Victoire zu Wimbledon am Joer 1985, mat nëmme 17 Joer, wäert am Mëttelpunkt vu sengem Film stoen.

D’Serena Williams ass eng vu de gréisste Meeschterinnen an der Tennisgeschicht. Déi mëttlerweil 39-Järeg Amerikanerin ass nach ëmmer dobäi a probéiert säi 24. Grand Slam Titel ofzeraumen. Mat dëser Victoire géif d’Serena Williams de Rekord vum Margaret Court erreechen.

Et ass net déi éischte Kéier, datt digital Plattformen de Sport a seng Championen am Viséier hunn. D’Serie Drive to Survive, déi sech der Formel 1 widmet ass een Hit. An och Stare wéi den Diego Maradona an de Pelé hunn hir Gloriestonn schonn hannert sech.

Foto: © Darko Nesic / unsplash

Related topics Amazon Studios, digital Plattform, Dokumentarfilm, Serena Williams, Sport, Tennis, USA
Next post Previous post