Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi
Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi
D‘Béierhaascht zu Käerjeng ass eng vun de besonnesche Brauereien, an
Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat
Mat der Weltpolitik schéngt et ze lafe wéi mam Klima: et weess een dat et schlecht ëm d‘Fräiheet vun de Medie bestallt ass, mee wierklech eppes dergéint ënnerhuele kann een „aus Grënn“ jo awer och net. Zudeem ginn d‘Chinesen eigentlech net vill anescht mat dëser Fräiheet ëm wéi d‘USA. Do gi chinesesch a russesch Medie bekanntlech als „stattlech Agenten“ behandelt a kontrolléiert.
Mee wärend et an der westlecher Medien-Hemisphär mat Argumenter (Staatspropaganda) géint eng Rei Medie virgaange gëtt, huet et a China iwwerbruechten an aussepolitesch Grënn. Esoulaang sech dësen Dissens op héchstem Niveau befonnt huet, konnten d‘Journalisten/Korrespondenten op der Plaz awer zumindest nach onbehellegt hirer Aarbecht nogoen. Dat huet sech dann awer geännert…
Et vergeet kaum en Dag wou et net zu Rangeleien an oppenen Ugrëff am ëffentleche Raum kënnt. Ob et ëmmer „Passante“ sinn déi een ugräifen? „Gléck hues de als Korrespondent, wann der nëmme virgeworf gëtt alles schlecht ze rieden. Méi geféierlech gëtt et wann d‘Leit der Lige virwerfen, da kann et handgräiflech ginn“, esou de Yohishi Mae (aso), zanter 2007 Korrespondent zu Peking.
Déi chinesesch staatlech kontrolléiert Medien droen dann och vill derzou bäi, den Diskredit iwwer auslännesch Journalisten ze bréngen. Mee et huet och vill Ënnerscheeder: esou sinn et virzuchsweis d‘Korrespondenten/Journaliste vun amerikaneschen a brittesche Medien, déi als Feinde vun der Natioun presentéiert ginn. Si géife Methoden uwennen déi zum Zweck hätten, China ze schueden.
Schonn am Mäerz 2020 hat de Club vun den auslännesche Korrespondente vu China op den neien Drock higewisen. Enn Juli, wéi et an der Provënz Henan zu den Iwwerschwemmunge komm ass, huet d‘FCCC alertéiert, datt déi auslännesch Reporter op der Plaz gedirängelt an un hirer Aarbecht gehënnert goufen. Jugendgruppe ruffen hir Leit op Journalisten ze lokaliséieren an ze mellen.
An de chinesesche sozialen Netzwierker ruffen „Aktivisten“ derzou op, sech virun de chinesesche Mataarbechter vun auslännesche Medien an uecht ze huelen. Déi wieren ideologesch endoktrinéiert an hätten den Optrag investigativ géint déi chinesesch Sécherheetsorganer virzegoen. Dat ass zwar Brach, an esouguer wann ee Chines dat esou och géif wouer huelen, soen dierf hien dat net.
Chinesesch Mataarbechter an deem Sënn huet et dann och keng, well déi si generell Salariéeë vun enger staatlecher Entreprise. Dat muss esou sinn, well wien net bei esou enger Firma ugemellt ass, dierf kengem auslännesche Korrespondent zur Hand goen. Et geet folgerichteg gläichzäiteg ëm den aussepoliteschen Dissens, Gestreits bei den Handelsbezéiungen a wuel och Mënscherechter…
mat indymedia/tpe
Illustratioun: © 五玄土 / unsplash