Search

You may also like

Eng App fir eis Gesondheet
International Neiegkeeten

Eng App fir eis Gesondheet

Mat der Ëmsetzung vun der europäescher Dateschutzdirektiv GDPR an der

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?
International Neiegkeeten

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?

Den 11. Januar 2018 ass den neie PAG an PAP-Quartiers-existants

40 järege Polizist an der Belsch verhaft
International Neiegkeeten

40 järege Polizist an der Belsch verhaft

E Samschdeg huet de Parquet vu Léck bestätegt datt e

Ausschreidungen an Nordirland

Zanter gutt enger Woch huet et Krawaller an deels zolidd Ausenanersetzunge mat den Autoritéiten

Ausschreidungen an Nordirland

An der brittescher Provënz Nordirland schloen sech Loyalisten a Police d‘Käpp an. Mëttlerweil leien 79 Beamten am Spidol, wéi vill Affer et säitens de Rabbelkäpp huet, wëll kee matdeelen. De Protest vun de „Loyalisten“, also där Fraktioun déi Nordirland als Deel vum briteschen Empire gesäit an de Sonnerstatut vun der Provënz mat aller Gewalt verhënnere wëll, hält sech monter…

Eigentlech sollt esouvill Nationalismus dem Premierminister Boris Johnson geleeë kommen, war et dach genee dat wat hien an esou charismatesch politesch Acteure wéi den Nigel Farage, gewollt hu wéi si de Brexit op de Wee bruecht haten. Am Lager vun de Protestanten ass ee guer net domadder averstanen, datt d‘Provënz weider ee Stéck vum EU-Bannemaart ass. Dobäi ass grad dat ee Virdeel.

Gutt, et geet hei weder ëm Virdeeler, nach ëm e friddlecht zesummeliewen, mat de verhaassten iresche Katholiken. Et geet net emol eeschthaft ëm Politik. Déi déif verwuerzelt Wonnen, déi den anzestrale Sträit tëscht de Fraktiounen hannerlooss huet sinn net iwwerwonnen. Dat huet vill domadder ze dinn, datt et kenger Säit gelongen ass, fir besser Bildung an Opklärung ze suergen.

Esoulaang de Krawall sech op déi brittesch Provënz konzentréiert an net iwwert d‘Grenz schwuppt, kann et eis egal sinn, mee och déi Iresch Republikanesch Arméi (IRA) verfollegt d‘Evolutioun vun der Lag an Nordirland mat héijer Opmierksamkeet. Si bereeden sech jiddefalls op eng Eskalatioun vum Konflikt vir. Mam Scheedungsaccord sollt awer grad dat eigentlech nohalteg verhënnert ginn.

mat indymedia/bfs/dub

Related topics Brexit, EU-Bannemaart, IRA, Loyalisten, Nordirland, Sonnerstatut
Next post Previous post