Search

You may also like

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch
Neiegkeeten

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

D’Beamte vun der Police sinn an zwee Fäll op der

Italienesche Polit-Alldag
Neiegkeeten

Italienesche Polit-Alldag

An Italien ass et generell gesinn ëmmer eng Fro vun

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer
Neiegkeeten

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer

Nom Aussetze vum Ausliwwerungsofkommes vu Groussbritannien mat Hong Kong, huet

Post fir den Ausseminister

Post fir den Ausseminister

Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen. Gëschter huet de Minister Jean Asselborn e Bréif mat senge Follower gedeelt, deen immens beréiert.

Geschriwwe goufen déi sentimental Zeile vum Asma, e véierzéng Joer jonkt Meedchen, wat am September 2020 zesumme mat dräi anere Mannerjäreger aus Moira opgeholl gouf. Deemools hat e Feier am Lager zu Griicheland gewüüt an onmënschlech Konditiounen hunn de Flüchtlingen d’Liewen zur Hell gemaach.

Ma dat läit elo hannert dem jonke Meedchen. Am handgeschriwwene Bréif, deen iwwregens iwwer 300 mol gedeelt gouf, seet d’Asma dem Här Asselborn Merci. Dës weideren erzielt hatt, wéi gutt hatt sech erkritt huet an datt hatt nach vill Pläng huet – zum Beispill eng Biografie iwwert seng Erliefnesser ze schreiwen.

Erliefnesser, déi mir eis mol net richteg virstelle kënnen. Déi zweet Chance wäert gutt vun him genotzt ginn – d’Asma wëll gutt léieren, fir an der Gesellschaft nëtzlech ze sinn. A genee dofir ass et wichteg, sech fir eng uerdentlech Asylpolitik anzesetzen, dëse Leit, déi dréngend eis Hëllef brauchen eng Hand ze reechen an net ewech ze kucken. Kee soll an Angscht an Honger liewen. Oder iwwert d’Mëttelmier dreiwen, de Krich an d’Gewalt vum Heemechtsland am Hannerkapp.

Bei där Astellung, déi d’Asma huet, kënne mir sécher sinn, datt mir nach sou munches vun him héiere wäerten an datt hatt säi Wee an all weider Erausfuerderung wäert meeschteren. De Wëllen ass op jiddwer Fall do!

Related topics Asma, Bréif, Jean Asselborn, Moria
Next post Previous post