Search

You may also like

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen
Neiegkeeten

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen

De 17. Oktober ass de Weltdag vun der Organspend. En

Héichwaasseralarm: d‘Musel leeft iwwer
Neiegkeeten

Héichwaasseralarm: d‘Musel leeft iwwer

D‘Waasserwirtschaftsamt huet um Sonndegmueren iwwert den Héichwaassermeldedéngscht folgend Informatioun ausginn:

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)
Neiegkeeten

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)

Dem Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) seng kritesch Siicht op de

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an

Virum Hannergrond vun de Grenzschléissungen a -kontrollen un den däitsche Landesgrenzen zu Lëtzebuerg, huet sech den Ausseminister Jean Asselborn gëschter an engem Schreiwes un de Bundesinneminister Horst Seehofer gewannt. A sengem Schreiwes geet de Minister Asselborn op déi staark Beanträchtegunge vum grenziwwerschreidenden Zesummeliewen an der regionaler Wirtschaft an, déi duerch déi de 16. Mäerz 2020 nees agefouert Bannegrenzkontrollen entstane sinn.

Laut dem Minister Asselborn stellt d‘Entwécklung vun der epidemiologescher Lag zu Lëtzebuerg a kengster Weis eng Bedreeung fir d‘Nopeschregiounen duer an dofir gëtt et och keen ersiichtleche Grond, déi Bannegrenzkontrollen zu Lëtzebuerg weider oprechtzeerhalen. „Am Géigendeel, déi Grenzschléissungen a Kontrolle verursaachen en ëmmer gréisseren Onmutt an der Bevëlkerung op béide Säite vun der Grenz a riskéieren dat grenziwwerschreidend Zesummeliewen an der Groussregioun dauerhaft ze schiedegen“, esou den Asselborn. Dat gëtt ënnert anerem an engem Bréif verdäitlecht den dräizéng Buergermeeschter aus der Groussregioun un de Minister Asselborn geriicht hunn, deen och un de Bundesinneminister iwwermëttelt ginn ass.

A sengem Schreiwes schwätzt sech de Jean Asselborn dohier géint eng weider Verlängerung vun de Bannegrenzkontrollen aus. „Dat wier net nëmmen e wichtegt Signal un d‘Bierger an eiser europäescher Modellregioun, mee och hisichtlech enger schrëttweiser nees Akraaftsetzung vum Schengener Ofkommes, wellecht eng vun de gréissten Errongenschafte vum europäeschen Eenegungsprozess duerstellt“, esou den Asselborn.

Matgedeelt vum Ausseministère, aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Kelly Sikema / unsplash

Related topics Ausseministère, Däitschland, Grenzkontrollen, Grenzschléissung, Horst Seehofer, Jean Asselborn
Next post Previous post