Search

You may also like

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Neiegkeeten

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg

Gëschter war um Härebierg déi alljäerlech traditionell Veillée de Noël. Präsent

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika
Neiegkeeten

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika

An hei gëtt et zolidd Widdersproch vun der KPL: „Fräihandel

LNS: Eng nei Method fir Heroin ze preparéieren a seng Geforen
Neiegkeeten

LNS: Eng nei Method fir Heroin ze preparéieren a seng Geforen

Déi meescht Berichter iwwert d’Preparatioun vun Heroin konzentréiere sech op

Den Ausseministère bezitt Stellung zu NSO Group

Den Ausseministère bezitt Stellung zu NSO Group

Déi israelesch Softwareentwécklungsfirma „NSO Group“ ass spezialiséiert op Spionage an Dateklau, a steet hannert dem Projet „Pegasus“, deen an Israel selwer als „Waff“ bezeechent gëtt, firwat den „Export“ vun dëser Software eng Autorisatioun vun der Regierung muss erhalen. D‘Regierung an Israel huet déi fir méi besonnesch Demokratien ausgestallt…

Elo ass déi zu Tel Aviv usässeg NSO Group awer aus verständleche Grënn um europäesche Maart interesséiert, an och wa just erwisen ass, datt Ungarn Pegasus kaf huet an och ëmfänglech notzt, datt an éischter Linn géint d‘Zivilgesellschaft an déi Medieschaffend, esou steet fest, datt NSO vill Kontakter mat den zoustännege Servicer vun de Beneluxlänner ënnerhalen a fleegen.

A wou huet déi lëschteg Band hir „Filialen“ installéiert? Zu Lëtzebuerg, wou da soss, ëmmerhin si mir eng Start-up an eng Digital Natioun, oder? Gutt et kann och steierlech Grënn hunn, woubäi dat vum Pierre Gramegna (DP) dierft als Falschmeldung zeréckgewise ginn. Ass u sech och egal well wat déi sëllegen Entitéiten hei esou dreiwen, misst ee sech wuel vum SREL erkläre loossen.

Vum Ausseministère koum jiddefalls d‘Informatioun, datt NSO engersäits iwwer d‘Firmaen OSY Technologies Sàrl a Q Cyber Technologies Sàrl, an anersäits iwwer Triangle Holdings SA, Square 2 Sàrl, Novalpina Capital Partners Sàrl, Novalpina Capital Group Sàrl, NorthPole Holdco Sàrl, NorthPole Bidco Sàrl an NorthPole Newco Sàrl zu Lëtzebuerg vertrueden ass. Schéngt ze rullen…

Elo gëtt de spatze Bic benotzt

Nach ëmmer säitens dem Ausseministère: esou heescht et am Communiqué, datt den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) den Dirigente vun dësen „Entreprisen“ schrëftlech wäert matdeelen, datt Lëtzebuerg all seng Verflichtungen am Kontext vun der Export-Kontroll wäert anhalen, an et net wäert toleréieren, datt Aktioune vun dëse Boîte zu Mënscherechtsverstéiss an Drëttlänner féieren.

Dat léisst de Schluss zou, datt eisen Ausseminister kee Problem domadder huet, datt de Viktor Orban Pegasus géint Journalisten an Affekoten asetzt. Stëmmt esou net, et gouf just vergiess et ze preziséieren, esou déi knapp Äntwert op d‘Nofro. An de Pressekonferenz gouf schonn drop higewisen, datt et bis haut nach keng Demande fir eng Export-Lizenz ginn huet.

Et gouf nach emol däitlech drop higewisen, datt all d‘Entreprisen zu Lëtzebuerg den „devoir de diligence“ hunn, firwat se verflicht sinn sech mat de kompetenten Autoritéiten ze arrangéieren, wann et beim Export ëm Wueren/Déngschtleeschtunge geet déi e Bezuch mat der Verdeedegung hunn an/oder wou eng duebel Uwennung méiglech ass. Da bréicht et eng Export-Lizenz.

Zu de Kontakter déi eis Sécherheetsdéngschter mam NSO Group oder eng vun hiren hei genannte Filialen ënnerhale gouf näischt gesot. Offiziell schéngt et déi dann och net ze hunn. Well et hei natierelch ëm geheimdéngschtlech Aktivitéiten handelt, sollt een eppes Récksiicht huelen, well doriwwer kann een an der Ëffentlechkeet net schwätzen. Soss wier dat alles jo wuel net geheim.

Illustratioun: © Warren Wong / unsplash

Related topics Geheimdéngscht, Israel, Jean Asselborn, NSO Group, Pegasus, Spionage, Spionagesoftware
Next post Previous post