Search

You may also like

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?
International Neiegkeeten Stories

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?

[onionbuzz quiz-id=98][/onionbuzz] De Kanton Kapellen ass zwar bei wäitem net

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (10.-13.07.2020)
International Neiegkeeten Stories

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (10.-13.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, et duerch d’Ewechhuele vu Iwwerdaach op der

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie
International Neiegkeeten Stories

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie

déi Lénk hu sech mat dem vun der Regierung beschlossenen

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President

Amerika wëll sech nees méi an d‘Bezéiungen zu senge laangjärege Partner abréngen

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President

De Joe Biden, 46. US-President, huet a senger éischter aussepolitesch Grondsazried bedauert, datt ënnert sengem Virgänger d‘Bezéiungen zu de Partner „vernoléissegt“ goufen. Hie wéilt dës Feeler korrigéieren. An et huet een tatsächlech den Androck gehat, datt et endlech nees besser gëtt, mee et gëtt Wonnen déi heelen net esou séier.

„Amerika ass zeréck, d‘Diplomatie ass zeréck“, esou de Joe Biden, deen iwwerzeegend beméit schéngt, d‘Bezéiungen zu de laangjärege Partner an Alliéierten nees opliewen ze loossen. An den éischte Woche vu sengem Mandat, hätt hie scho vill Gespréicher mat den asiatesche Partner, wéi och den NATO-Partner gefouert. Hien huet sech fir déi bewäerte Kooperatioun ausgeschwat.

Et misst een „d‘Muskele vun den demokratesche Bündnisser nees stäerken, déi duerch d‘Jore vun der Vernoléissegung, jo der Mësshandlung, verkëmmert sinn“, esou déi Stëmm vun Amerika. Am Kontext vun der NATO, ass de Joe Biden och op d‘Decisioun vu sengem Virgänger agaangen, dee jo 12.000 US-Zaldoten aus Däitschland ofzéie wollt. Dës Entscheedung géif op Äis geluecht.

Den neie Locataire vum Wäissen Haus huet erkläert, datt de Verdeedegungsminister Lloyd Austin eng grëndlech Iwwerpréiwung vun der weltwäiter Stationéierung vun US-Zaldote virhuele wäert. Ouni däitlech Erkenntnisser, déi en Truppenofzuch géife berechtegen, géif net derzou kommen. Berlin huet dës Ausso schonn offiziell begréisst, déi jo vu geostrategescher Bedeitung ass.

Russland a China… och den Joe brauch Feindbiller

Amerika wëll ëmmer den Toun un- an d‘Richtung virginn, wat no véier Joer ënnert engem Epicier zu schlechte Kläng an drolegen Ëmweeër gefouert huet. Dee „Neien“ muss elo d‘Partituren an d‘Landkaarten nees zortéieren, wat viraussetzt, datt déi „géinteniwwer“ hire Gespréichspartner mat Respekt behandelen. Dëse kritt een an der Politik net geschenkt, firwat ee sech dee muss verdéngen.

Häert weisen ouni Kompromëssbereetschaft auszeschléissen, dat kéint dem Joe Biden seng Taktik sinn. Esou huet den US-President gesot, datt hie sech rezent mam Vladimir Putin ënnerhalen hätt. Bei dësem Telefonat hätt hien dem Russ däitlech ze verstoe ginn, datt d‘Zäite vum 45. US-President eriwwer sinn an een zu Washington net méi ewech kucke wäert, wa Moskau alles zu Onwee bréngt.

Gemengt sinn: Amëschung a Walen, Cyberugrëff an d‘Vergëfte vun Dissidenten oder soss politesch ustrengend Matbierger. Wéi net anescht ze erwaarden, fuerdert och den US-President datt Moskau elo direkt de Kremlkritiker Alexej Nawalny fräiléisst. Dat wier a gewësser Mooss elo awer och eng Amëschung säitens den USA a Walen. Gutt ass just en Detail, an d‘EU geet net anescht vir.

Hien huet och China ugeschwat. Ouni op Detailer – wéi Hong Kong oder d‘Uiguren – Anzegoen, well seng Message an éischter Linn emol fir déi eege Bevëlkerung geduecht ass, huet den US-President betount datt „d‘USA mussen op déi wuessend Ambitioune vu China reagéieren“. An Niewesätz gouf et Kritik un der Wirtschaftspolitik an dem Ëmgang mam geeschtegem Eegentum.

Vu Naypyidaw bis an de Golf vun Aden

Un d‘Adress vun der burmesescher Militärjunta, déi leschte Sonndeg am Myanmar ee Putsch ze veräntwerten hunn, a wou d‘Regierungscheffin Aung San Suu Kyi zesumme mam Staatspresident Win Myint verhaft goufen, huet de Joe Biden d‘Message erausginn: „D‘Arméiféierung muss sech direkt nees zeréckzéien an d‘Muecht nees de demokratesch gewielte Kräften iwwerdroen“.

D‘USA fuerderen zudeem d‘Fräiloossung vun den inhaftéierte Politiker, Aktivisten a Journalisten. D‘Telekommunikatioun generell, den Internet am besonneschen, dierften net ageschränkt ginn a vu Gewalt sollt Ofstand geholl ginn. Et reegt sech jo am Land eppes wéi Widderstand, an et huet éischt Protester ginn. D‘Aung San Suu Kyi ass an der tëscht dem Héichverrot ugeklot ginn.

Op sech de Generol Min Aung Hlaing, dee fir mindestens 12 Méint de Gewaltmonopol huet, vu méiglechen US-Sanktioune beandrocke léist? Dat ass net de Fall. D‘Land huet kaum wirtschaftlech an/oder diplomatesch Bezéiunge mat den USA. Zudeem muss et erlaabt sinn, am Zesummenhang mat der Verdreiwung vun den Rohingya, kritesch mam Aung San Suu Kyi ëmzegoen.

Ee wiedere Brennpunkt stellt de Konflikt am Jemen duer. Hei stinn sech Saudiarabien (als Leader vun enger Koalitioun) an den Iran (déi ënnerstëtzen d‘Houthi-Rebellen) géinteniwwer. Dem Joe Biden säi Virgänger huet sengerzäit net nëmmen dee gréisste Waffenhandel an der Geschicht vun den USA mam Kinnekräich ofgeschloss, mee huet och géint d‘Ajatollahe gehetzt…

Am Jemen koum et widderholl zu Verbrieche géint d‘Mënschheet an all Natioun, déi sech direkt oder indirekt an dësen agemëscht huet, huet sech net nëmmen eng Matschold un dëse Verbriechen operluecht, mee huet bewosst zougelooss datt Millioune Kanner enger Hongersnout ausgesat sinn. Elo soll et weder Hëllef nach Waffe fir dat saudescht Kinnekräich ginn. Dat wier eng gutt Nouvelle.

War nach eppes?

Ganz interessant a sécher och politesch eppes gewot, d‘Annonce vum Joe Biden d‘Asylpolitik vun den USA nei ze definéieren. U Kritik dorunner huet et ënnert sengem Virgänger net gefeelt, firwat et wichteg schéngt déi richteg Signaler auszesenden. Esou huet den US-President decidéiert, datt d‘Uewergrenz zur Opnam vu Flüchtlingen, vun aktuell 15.000 op 125.000 pro Joer unzehiewen.

Méi generell wëll de Joe Biden déi international Zesummenaarbecht fërderen. Hie rifft d‘Natiounen op sech ze vereenege, fir sech de groussen Erausfuerderunge vun der Humanitéit: Covid19-Kris, Klimawandel an d‘Verbreedung vun Atomwaffen, unzehuelen. „Dës Problemer kann d‘Welt nëmme léisen, wa sech d‘Mënsche fir d‘Zukunft entscheeden, firwat se zesumme schaffe mussen“.

Wat sech wéini alles dovunner an d‘Dot ëmsetze léisst, ass wuel net ze bestëmmen. Et sinn awer global politesch betruecht besser Virsätz, wéi nach virum 20. Januar, wou sech d‘Aussepolitik an éischter Linn mat de Lächer fir kleng Bäll beschäftegt hat, an ee Mike Pompeo de Charme vun engem Atomendlager verspreet huet. Dem Joe Biden seng Ried dierft awer Bréissel erfreet hunn.

mat indymedia/was

Foto: No der Grondsazried a generell eng Ustrengender Woch, wou de Joe Biden vill Feeler vu sengem Virgänger emol nees eenegermoosse riicht gebéit huet, konnt den neien US-President och endlech emol gebrauch vun Air Force One, dem presidentielle Fliger, maachen. Et heescht et him ganz gutt gefall… © White House

Related topics 46. US-President, Grondsazried, Joe Biden, US-Aussepolitik
Next post Previous post