Search

You may also like

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier
Kultur Neiegkeeten

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier

D’Sea-Eye-Rettungsschëff Alan Kurdi geet no enger Zwangspaus vu 4 Méint

Offall kann déidlech sinn – Och Hondsdreck gehéiert net op d’Felder a Wisen
Kultur Neiegkeeten

Offall kann déidlech sinn – Och Hondsdreck gehéiert net op d’Felder a Wisen

Ob Plastikverpackungen, gliese Fläschen oder Gedrénksbéchsen, Offall gehéiert weder op

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?
Kultur Neiegkeeten

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?

D‘Politiker an Europa si wéinst der tierkescher Aggressioun (Operatioun Olivenzweig)

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Ausstellungen

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Ausstellungen

D’Riedche vum Natur-ABC ass dës Kéier beim Buschtaf A, wéi Ausstellung stoe bliwwen. Am pedagogesche Beräich spillen d’Expoe bei natur&ëmwelt nämlech eng wichteg Roll, weisen op einfach awer informativ Aart a Weis verschidden Elementer op a bréngen esou Kleng a Grouss zum Staunen.

Wéi mer ganz am Ufank vum Videoprojet geléiert hunn, huet natur&ëmwelt ufanks nach „Veräin fir Déieren- an Heemeschtschutz“ geheescht. Ma, schonn am August 2020 huet ee sech géigeniwwer Ausstellungen immens oppe gewisen. D’Ekipp hat deemools direkt d’Geleeënheet genotzt, fir bei enger Expo zu Esch-Uelzecht deelzehuelen. Gewise goufen Näschter, verschidde Virriichtunge fir Villercher ze fidderen an Erklärungen zu Sangvullen aus der Heemescht.

Mat den neien technesche Mëttel a Méiglechkeeten kann ee mëttlerweil duerch interaktiv Elementer, Quizen, Apps oder och virtuell Realitéit een eenzegaarteg Erliefnis schafen. Do gräift natur&ëmwelt ëmmer gären drop zréck. Dës Moyenen, an den zweesproochegen Opbau (Däitsch a Franséisch) suergen dofir, datt de Visiteur och eegestänneg op Entdeckungsrees goe kann.

Dobäi kommen nach d’Wanderausstellungen zu allgemengen Naturthemen, déi oft vu Gemengen, Schoulen Fleegeheemer oder lokale Veräiner ausgeléint ginn.

An dësem Kader gëtt ëmmer nees no Benevolle gesicht, déi d’Visiteuren duerch d’Ausstellunge guidéiere kënnen. Dofir gi pedagogesch Dossieren zur Verfügung gestallt, sou datt och eng eigentlech onerfuere Persoun déi néideg Kenntnisser kritt.

Wien no Ausstellunge sicht oder sech als Expo-Guide weiderbilde wëll sollt net zécken sech bei natur&ëmwelt via Telefon (29 04 04-1) ze mellen.

Zum Videoprojet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics Ausstellung, e staarkt Benevolat am Naturschutz, Expo, Natur, natur&ëmwelt, Quiz, Videoprojet, virtuell Realitéit, Wanderausstellung
Next post Previous post